Skandinavesch Verdeedegung
| Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Skandinavesch Verdeedegung | ||||
|---|---|---|---|---|
| Zich | 1. e4 d5 | |||
| ECO-Coden | B01 | |||
| Benannt no | Skandinavien | |||
| Eelste Quell | Luis Ramírez Lucena: "Repetición de Amores y Arte de Ajedrez con ci Iuegos de Partido", 1497 | |||
| Fir d'éischt gespillt | 1475 | |||
| Entsteet aus | Kinneksbauererëffnung | |||
| Nospillen op Chessgames.com | ||||
D'Skandinavesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Hallefoppene Spiller an ass an den ECO-Coden ënnert dem Schlëssel B01 klassifizéiert.
D'Skandinavesch Verdeedegung fänkt mat de folgenden Zich un:
- 1. e4 d5
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Varianten
Wäiss spillt meeschtens 2. exd5, wourop déi zwou Haaptfortsetzungen 2. ... Dxd5 a 2. ... Sf6 (Marshall-Gambit) sinn. Wäiss kann allerdéngs och mat 2. Sc3 an d'Van-Geet-Erëffnung oder mat 2. d4 dxe4 3. Sc3 an d'Blackmar-Diemer-Gambit iwwergoen.
[änneren] 2. ... Dxd5
- 1. e4 d5 2. exd5 Dxd5
No 2. exd5 Dxd5 spillt Wäiss normalerweis 3. Sc3, well en doduerch eng Figur mat Tempogewënn entwéckelt. 3. ... Da5 ass d'Klassesch Variant a gëtt momentan am meeschte gespillt. 3. ... Dd6 ass d'Bronstein-Variant. Aner manner heefeg Zich sinn 3. ... Dd8 an 8. ... De5+ (d'Patzer-Variant).
[änneren] Marshall-Gambit
- 1. e4 d5 2. exd5 Sf6
[änneren] Literatur
- Christian Bauer: Play the Scandinavian. Quality Chess, 2010, ISBN 1-90655-255-X
- Jovanka Houska: Staring Out: The Scandinavian. Everyman Chess, 2009, ISBN 1-85744-582-1
- Mathias Wahls, Karsten Müller & Hannes Langrock: The Modern Scandinavian. New In Chess, 2011, ISBN 9-05691-346-8