Skulpturewee zu Bilschdref

Vu Wikipedia
Kaart um Panneau vum Skulpturewee

De Skulpturewee zu Bilschdref mat aacht Skulpturen ass an de Joren 1995 an 1996 zu Bilschdref entstanen.

Am Kader vum Kulturjoer 1995 ass zu Bilsdref e Skulptursymposium mat véier Konschtschafenden ënner der artistischer Leedung vum lëtzebuergesche Keramiker Pit Nicolas organiséiert ginn. 1996 ass de Symposium mat véier anere Konschtschafenden virugeféiert ginn.

1995 hu matgemaach:

  1. Florence Fréson (B) - "Öffnung zum Symposium" - Schifer vun der Warche (B)
  2. Bertrand Ney (L) - "Parallelität zum Kirchturm von Boulaide" - Granitsteen aus dem Fichtelgebirge (D)
  3. Paul Schneider (D) - "Mond- und Sonnenstein" - Granit aus Südschweden
  4. Anne-Marie Klenes (B) - "Schieferzaun am Waldsaum" - Schifer vu Maartel (L)

1996 hu matgemaach:

  1. Eileen Mc Donagh (IRL) - "Wasserstein" - Granitsteen aus Afrika
  2. Uli Gsell (D) - "Ergründet Innenraum des Steins" - Lavabasalt aus der Eifel (D)
  3. Thomas Link (D) - "Klangsäulen" - Basalt
  4. Ulrich Lindow (D) - "Eine Art Tisch mit verschiedenen Oberflächenstrukturen" - Schifer

De Skulpturewee zu Bilschdref ass méi spéit an de Projet Strooss vum Fridden integréiert ginn.

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]