Smolensk

Vu Wikipedia
Smolensk
Land Russland
Federatiounskrees Zentralrussland
Status Oblast
Regioun Smolensk
Awunner 312.896 (1. Januar 2023)
Fläch 166.3
Koordinaten 54°46'58"N, 32°2'43"O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 4812
Postcode 214000–214999
Websäit http://www.smoladmin.ru


D'Dormitioun-Kathedral zu Smolensk
D'Mauere vum Smolensker Kreml

Smolensk (ru.: Смоленск [ smʌˈlʲensk ]) ass eng russesch Stad am Oblast Smolensk am Weste vum Land no bei der Grenz mat Wäissrussland. Smolensk huet ronn 325.000 Awunner (Stand 2010). Et läit um Dnepr, matzen am Smolensker Hiwwelland.

Smolensk gouf 863 eng éischt Kier schrëftlech ernimmt. Duerch seng Lag war et fréi eng Handelsstad. Am 12. Joerhonnert war Smolensk d'Haaptstad vun engem onofhängeg russesche Fürstentum Smolensk, ier et 1238 vun de Mongolen geplëmmt gouf. 1404 gouf d'Géigend deel vum Groussfürstentum Litauen a gouf 1514 vum Groussfürstentum Moskau eruewert. 1611, beim Polnesch–Russesche Krich vu 1609–1618, gouf d'Stad bal zwee Joer belagert, ier se vu polnesch-litaueschen Truppen ageholl a 1618 Deel vu Polen-Litauen gouf.

Beim Russesch-Polnesche Krich vu 1632–1634 goung et drëms, Smolensk zeréckzeerueweren. Dat geschouch awer eréischt 1654, wärend dem Russesch-Polnesche Krich vu 1654–1667, a sou goung et 1667 u Russland. 1708 huet de schweedesch Kinnek Karl XII. bei Smolensk 6000 Kosaken a Kalmücke geschloen. 1812 huet den Napoleon d'Stad um Wee op Moskau no engem haarde Kampf eruewert.

1918 gouf Smolensk zu engem Deel vu Wäissrussland erkläert, an 1919 gouf do d'Wäissrussesch Sowjetrepublik gegrënnt. Am Zweete Weltkrich war Smolensk alt nees eng Kéier haart emkämpft. An Summer 1941 gouf Smolensk belagert a vun den Däitschen ageholl; Dausende vu Leit koumen dobäi ëm d'Liewen oder a Gefanngenschaft. Am Hierscht 1943 huet d'Rout Arméi et zeréckeruewert.

Den 10. Abrëll 2010 sinn no beim Fluchhafe vu Smolensk-Nord bei engem Fligersaccident bal honnert Leit ëm d'Liewe komm, déi ënnerwee fir op eng Commemoratiounsfeier fir d'Massaker vu Katyn waren, dorënner de polnesche President Lech Kaczyński an aner héich Militär an Deputéierten.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäert ass de Smolensker Kreml (déi al Festungsmauere vu 1596–1602), d'Operstéiungskathedral (1677–1679), Sëtz vun der Diözees vu Smolensk a Wjasma; d'Péiter-a-Paul-Kierch aus dem 12. Joerhonnert; d'Äerzengel-Méchel-Kierch, och 12. Jh., an d'Doud-vum-Maria-Kathedrale vu 1677. D'Oper ass vu 1780.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Smolensk – Biller, Videoen oder Audiodateien