Société d'Étude et de Construction Automobile

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Société d'Étude et de Construction Automobile, oder SECMA, ass eng kleng Autokonstruktiounsfirma zu Aniche am franséischen Departement Nord.

D'Fabréck, déi 1995 vum Daniel Renard gegrënnt gouf, huet sech op Spaass-Gefierer spezialiséiert.

[änneren] Modeller

  • Fun tech 340
  • Fun Buggy
  • 6 x 4
  • Fun Extre'm
  • Fun Runner

[änneren] De "Fun Runner

De Konstrukteur stellt de "Fun Runner" als motoriséiert Dräirad vir. E Véierzylindermotor vu Peugeot mat 1360 cm³ bitt bei 5.500 Touren an der Minutt eng Leeschtung vu 55 kW. Gedriwwe gëtt d'Gefier iwwer eng Ketten op déi hënnescht Duebelrieder. Déi viischt Pneuen hunn eng Gréisst vun 175/60-13, déi hënnescht 225/50-15.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen