Société d'Encouragement-L'Élite de France

Vu Wikipedia

D'Société d'Encouragement-L'Élite de France gouf am Joer 1968 vum Yves Merrer gegrënnt, an als Associatioun am C.I.C.A.(Comité d'Initiative et de Consultation) vun der Märei aus dem XIVe Arrondissement vu Paräis (Ref.:681835-J.O. 21/12/68) ageschriwwen. Si huet hire Sëtz zu Paräis op der Nummer 99, Bouvevard Arago an hir Paroul ass:"Le meilleur et le plus digne d'être choisi".

Nodeem den Yves Merrer gestuerwe war, huet seng Fra d'Madame E. Rouffet-Merrer d'Presidence iwwerholl, an ass mat der Ënnerstëtzung vun der Konscht a Frankräich an am Ausland virugefuer. Si gouf dobäi vun hire franséischen an auslänneschen Delegéierten ënnerstëtzt. Si leescht och altruistesch Aktivitéiten a Frankräich an am Ausland mat der Hëllef vum "Comité Social et d'Encouragement Le Mérite, dee si och présidéiert.

All Joer gëtt ee Konschtconcours organiséiert, mat enger Präisverdeelung, déi vun engem Jury entscheet gëtt, nodeem déi ausgestallte Wierker schonn enger Preselektioun ënnerzu goufen. Doriwwer eraus ginn och Bronze-, Sëlwer-, Vermeil-, Goldmedailen an déi gréisst Distinctioun, "Médaille Grand-Or" genannt, verginn, baséiert op d'Konschtwëssen, d'Konschtkënnen, d'Kreativitéit, der altruistescher Mathëllef, der Participatiounszäit als ageschriwwene Member, an déi, déi vum "Comité des Récompenses" proposéiert goufen.