Société d'industrie luxembourgeoise

Vu Wikipedia

D'Société d'industrie luxembourgeoise war eng belsch Participatiounsgesellschaft déi am 19. Joerhonnert an eng Rei lëtzebuergesch Industrien investéiert huet.

D'Société d'industrie luxembourgeoise ass de 5. Juli 1837 zu Bréissel gegrënnt ginn. D'Sue koume vun der zwee Joer aler Banque de Belgique, déi vum Charles de Brouckère gegrënnt gi war. De Modell vun enger Bank déi och Participatiounen hält, war de selwechte wéi bei der Société générale de Belgique. D'Société d'industrie hat e Kapital vu 5 Millioune Frang.

Déi nei Holding huet ganz séier 11 lëtzebuergesch Entreprise mat Kapital ënnerstëtzt iwwer de Wee vu Sociétés en commandite an där d'Société d'industrie zwee Drëttel vum Kapital gehalen huet. Dorënner fënnt een eng Rei Pionéier vun der lëtzebuergescher Industrie wéi d'Duchfabrik Godchaux op der Schläifmillen, d'Händschefabrik Lippmann zu Bouneweg, d'Eecher Mille vum Norbert Metz an d'Hesper Millen, d'Berbuerger Schmelz vum Auguste Metz an d'Faïencerië vun Iechternach an der Millebaach.

Aner Nimm, déi mat der Société d'industrie verbonne ginn, sinn de Nicolas Berger, Banquier vun Arel, an den Théodore Pescatore.

D'Société d'industrie huet sech 1839, wéi Lëtzebuerg onofhängeg an d'Provënz Lëtzebuerg ofgetrennt gouf, nees deelweis zeréckgezunn. D'Banque de Belgique, déi et net méi gëtt an déi net ze verwiesselen ass mat der Banque nationale de Belgique, hat gläichzäiteg och finanziell Problemer.

D'Bridder Metz hunn 1847 d'Société d'Industrie aus hirer Gesellschaft Metz & Cie erauskaaft.