Société des usines Chausson

Vu Wikipedia
Autobus Chausson AP vun der RATP, haut am Besëtz vun der AMTUIR

D'Société des usines Chausson war eng franséisch Entreprise déi zanter dem Zweete Weltkrich haaptsächlech Autobusse gebaut huet. D'Firma déi am Ufank mat eegenem Kapital funktionéiert huet, huet duerno als Sous-traitant fir seng zwéin Haaptaktionäre Peugeot a Renault geschafft.

Autobusse vun der Firma Chausson sinn an de 50er an 1960er Joren a ville Länner an Europa gelaf.

Zu Lëtzebuerg hat d'CFL fir hiren neie Busdéngscht, tëscht 1952 an 1961, 42 där Busse kaaft.