Société nationale des chemins de fer luxembourgeois

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Société nationale des chemins de fer luxembourgeois, ofgekierzt CFL, ass déi national lëtzebuergesch Eisebunnsgesellschaft.

CFL Logo.png

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

CFL-Strecken

D'CFL gouf de 14. Mee 1946 gegrënnt [1]. D'Kapital an dëser "société d'économie mixte" gouf zu 51 Prozent vum Lëtzebuerger Staat gehalen, während d'Belsch a Frankräich jee 24,5 Prozent haten.

De Verwaltungsrot war aus 21 Memberen zesummegesat: de President an 10 Memberen vu Lëtzebuerg a jee 5 Memberen aus Frankräich an aus der Belsch.

D'CFL huet déi zwéin am 19. Joerhonnert gebaute Normalspur-Reseaue Guillaume-Luxembourg a Prince-Henri an enger Gesellschaft zesummebruecht, nodeem déi zwéi Reseaue schonn ënner däitscher Besatzung 1940 de facto zesummegeluecht gi waren. Déi al Concessionnairë sinn am Kader vun engem Accord à l'amiable vum Staat indemniséiert ginn. D'CFL huet awer och d'Schmuelspurbunnen, déi schonn an de Joerzéngte virdru lues a lues vum Staat iwwerholl gi waren, iwwerdroe kritt.[2]

Am Oktober 1949 huet den deemolegen Transportminister Victor Bodson d'CFL ugestallt fir eng Etüd iwwer d'Elektrifikatioun vum lëtzebuergesche Reseau ze maachen. Déi Etüd ass de 5. Abrëll 1950 virgeluecht ginn.

Am November 1952 ass den CFL-Busdéngscht agefouert ginn.   Méi Informatioun doriwwer am Artikel: CFL-Busdéngscht Nuvola apps xmag.png

Den 29. September 1956 ass d'Elektrifikatioun offiziell vun der Grand-Duchesse Charlotte ageweit ginn. Deemools sinn d'Zich vu belschen a franséische Lokomotive gezu ginn.

Als Ausgläich vun de Käschten, déi beim Bau vun der Muselkanaliséierung entstane waren, huet de franséische Staat dem Lëtzebuerger Staat 3 elektresch Lokomotive ginn, déi dunn 1958 un d'CFL weidervekaaft goufen. Et waren dat d'Lokomotive BB 3600 (N°3601-3603). 17 Stéck vun derselwechter Zort goufe bei MET kaaft.

1977 koum et zu enger Kapitalerhéijung, bei där Frankräich net matgemaach huet. Während déi Belsch Participatioun bei 24,5 Prozent bliwwen ass, ass déi vu Lëtzebuerg ob 63,25 Prozent geklommen an déi vu Frankräich ob 12,25 Prozent gefall.[3]

Duerch d'Gesetz vum 10. Mee 1995 [4] gëtt de Staat Proprietär vun der Infrastruktur (Gleiser, Garen asw.) an d'CFL kritt d'Gestioun dovun iwwerdroen.

1997 koum et mam Gesetz vum 28. März zu enger neier Kapitalerhéijung am Kader vum neie Status vun den CFL. Zanterhier hält de Lëtzebuerger Staat 94 Prozent vum Kapital, d'Belsch 4 Prozent a Frankräich 2 Prozent. D'Zuel vun de Membere vum Verwaltungsrot ass op 15 erofgesat, mat der Garantie fir d'Belsch a Frankräich mindestens een Administrateur ze stellen.[3]

D'CFL haut[änneren | Quelltext änneren]

Gebai vun der CFL-Direktioun nieft der Stater Gare

2003 huet d'Moderniséierung vum Fuerpark ugefaangen. Et goufe 6 nei Lokomotive geleast.

2004 goufen 20 weiderer vum selwechten Typ bei der Firma Bombardier zu Kassel an Däitschland bestallt. Bei de Maschinnen handelt et sech ëm eng Schwëstermaschinn vun der däitscher Baurei 185.1. Dës Lokomotive gi bei der CFL als Serie 4000 gefouert. Si hunn eng Leeschtung vun 5600 kW, dat sinn ongeféier 7600 PS.

Bei derselwechter Firma goufen och nach 62 nei duebelstäckeg Voituren an 18 Steierween bestallt (+2 no bestallt). Dat ganzt war bis Dezember 2008 ausgeliwwert. Dës Zuchgarnituren hunn déi deelweis iwwer 40 Joer al Persounenzich ersat.

Weider goufen nach 12 nei Automotricë bei der franséischer Firma Alstom bestallt a goufen bis 2012 ausgeliwwert.[5]

Déi al Diesellokomotive vun der Serie 1800, wat gutt, a virun allem zouverléisseg, Maschinne sinn no an no all enger grousser Revisioun ennerzu ginn, a gi weiderhin am Gidderzuchverkéier agesat. Eng Ofléisung vun dëse Maschinnen ass an de nächste Joren net an Aussiicht.

An nächster Zäit wäerten déi al Rangéierdiesele vun der 800/850/900 no an no duerch méi modern Maschinnen ersat ginn. Dëst huet mat der Liwwerung vun deenen neien (geléinte) Maschinnen och schonn ugefaangen. Et sinn dëst d'Maschinnen 1501 bis 1508 (MAK G1206) an 1101-1106 (Mak G1000BB) souwéi den 1581-1586 (Mak G1206). Ausserdeem koumen nach e puer kleng Lokotraktere vu verschiddenen Produzenten dobäi. Dës Maschinne sinn um neisten technesche Stand (ënner anerem hu se en ëmweltfrëndleche Rouschtpartikelfilter am Auspuff), si hunn eng Funkfernsteierung, d. h. de Rangéierer kann nieft dem Zuch stoen, fir ze manövréieren.

Et ass virgesinn, datt d'Lok 804 vum Service des sites et monuments nationaux, an engem ähnleche Kader wéi d'1604, als Muséesmaschinn erhale bleift. D' Arbechten hunn am Februar 2014 ugefangen.

D'Restauratioun vun der E-lok 3608 ass am Mäerz 2014 mat enger Prouffaart ofgeschloss ginn. Si ass nees an den Ausliwwerungszoustand vun 1958 zréckversat ginn, d. h. bloe Lack a gegossen Nummereschëlter. Och de Westwon 208/218 grad wéi den De Dietrich Z105 goufe vun den Arriva Werke Nord Gmbh zu Neustrelitz an Däitschland restauréiert a gehéieren elo zum betribsfäege Muséesmaterial.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym 1953. Spezialnummer vun den "Les cahiers luxembourgeois" iwwer d'Eisebunn.
  • Philippart, Robert L., Charles-Léon Mayer, Charles Barthel, Denis Scuto & Jeannot Poeker, 2009. 150 Joer Eisebunn zu Lëtzebuerg 1859-2009. Depuis 150 ans, l'avenir appartient au train. 182 S. Erausgi vun der Société nationale des chemins de fer luxembourgeois an dem Ministère vun der nohalteger Entwécklung a vun den Infrastrukturen. ISBN 978-2-87996-608-3.
  • Ries, Jean, 1910. Travaux publics, chemins de fer: note : exposition universelle et internationale de Bruxelles 1910, groupe VI, classe 29: génie civil, moyens de transport. 27 p. Luxembourg : M. Huss.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. . Dës Grënnung gouf eréischt 1947 duerch e Gesetz legaliséiert: Loi du 16 juin 1947 concernant l'approbation de la convention Belgo-Franco-Luxembourgeoise du 17 avril 1946 relative à l'exploitation des chemins de fer du Grand-Duché et des conventions annexes. Mémorial A n° 30 du 25.06.1947. Cf. Art. 1er. Sont approuvés et ont force de loi ... d) Les Statuts de la Société de droit luxembourgeois dite la Société Nationale des Chemins de Fer luxembourgeois, en date du 14 mai 1946.
  2. Projet de loi n° 46 vum 30. August 1946
  3. 3,0 3,1 Projet de loi n° 4265 vum 13. Februar 1997
  4. Projet de loi sur la gestion de l'infrastructure
  5. http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2010/08/106287/cfl-bekommt-zehn-neue-zuege.php

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Société nationale des chemins de fer luxembourgeois – Biller, Videoen oder Audiodateien