Sokolski-Erëffnung
| Sokolski-Erëffnung | ||||
|---|---|---|---|---|
| Aner Nimm | Orang-Utan, Polnesch Erëffnung | |||
| Zich | 1. b4 | |||
| ECO-Coden | A00 | |||
| Benannt no | Alexei Sokolski | |||
| Entsteet aus | Ausgangsstellung | |||
| Nospillen op Chessgames.com | ||||
D'Sokolski-Erëffnung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënnert dem Schlëssel A00 klassifizéiert.
D'Sokolski-Erëffnung fänkt mam folgenden Zuch un:
- 1. b4
Vun den zwanzeg méiglechen éischten Zich ass 1. b4 je no Datebank dee siwentheefegsten[1] oder deen néngtheefegsten Zuch.[2]
D'Sokolski-Erëffnung kann och duerch Zuchëmstellung iwwer 1. Sf3 nieft b4 entstoen, wouduerch Wäiss 1. b4 e5 an déi doraus resultéierend taktesch Varianten ëmgaang huet. Den Anthony Santasiere huet dacks esou gespillt an dohier gëtt 1. Sf3 d5 2. b4 an den USA Santasiere's Folly genannt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
D'Sokolski-Erëffnung huet hiren Numm vum sowjetesche Schachtheoretiker Alexei Sokolski, dee sech nom Zweete Weltkrich intensiv mat 1. b4 ausernee gesat huet. De Spëtznumm Orang-Utan krut dës Erëffnung vum polnesche Schachmeeschter Savielly Tartakower. 1924 beim Weltklassturnéier vun New York huet hien, éint e 1. b4 géint de Géza Maróczy gespillt huet, am Central Park Zoo engem Orang-Utan beim kloteren nogekuckt. De b-Bauer, dee bei der Sokolski-Erëffnung dacks d'Briet eropklëmmt, huet hien da mat engem Af assoziéiert, deen e Bam eropklëmmt.[3] Den Numm Polnesch Erëffnung bezitt sech och op den Tartakower.
Obwuel 1. b4 schonn virun 1919 geleeëntlech vu staarke Spiller probéiert gouf, krut dësen Zuch eréischt no dem Tartakower sengem Gewënn géint de Richard Réti am Joer 1919 zu Wien eng gréisser Opmierksamkeet. Allerdéngs huet et nach eng Zäit gedauert bis dem Sokolski seng Analysen dës Erëffnung op héchster Ebene spillbar gemaach hunn.
Groussmeeschteren déi d'Sokolski-Erëffnung geleeëntlech gespillt hunn, sinn ë.a. de Wassili Smyslow, den David Bronstein, de Boris Spasski an de Bent Larsen.
[änneren] Grondiddien
Mat 1. b4 gewënnt Wäiss Raum um Dammefligel a kontrolléiert d'Feld c5. Doriwwer eraus kann ee Sprénger op c6 mat b5 verdriwwen oder e schwaarze Bauer op c6 oder c5 ofgetosch ginn. De wäissen Dammeleefer gëtt meeschtens schonn am zweeten Zuch fianchettéiert fir d'Diagonal a1-h8 ze kontrolléieren. De Kinneksleefer gëtt dacks mat e3 a Le2 entwéckelt, allerdéngs ass et och méiglech g3 a Lg2 ze spillen, wat zu engem Doppelfianchetto féiert. De Kinnekssprénger gëtt normalerweis op f3 entwéckelt, mat oder ouni f4.
Ee Virdeel vun der Sokolski-Erëffnung ass hir grouss Flexibilitéit: Zum Beispill no 1. ... d5 oder 1. ... Sf6 ka Wäiss mat engem fréien c4 an englesch Strukturen iwwergoen, mat f4 eng Bird-ähnlech Stellung erreechen oder mat g3 a Lg2 e Réti-Opbau ustriewen. No 1. ... e5 ka Wäiss sech mat 2. a3 (oder 2. Lb2 f6 3. b5) fir eng éischter roueg a positionell Partie decidéieren oder mat 2. Lb2 Lxb4 3. Lxe5 (oder 2. ... f6 3. e4!?) op taktesch Komplikatiounen aloossen. Déi grouss Zuel vu méiglechen Approchen huet dozou gefouert, datt eng grouss Villfalt vun ënnerschiddleche Spillertypen d'Sokolski-Erëffnung gespillt hunn.
[änneren] Varianten
Well Wäiss no 1. b4 keen direkten Afloss op d'Zentrum huet, äntwert Schwaarz meeschtens mam Doppelschrëtt vun engem Zentrumsbauer. Eng zweet Méiglechkeet ass en Dammenindeschen Opbau mat ... Sf6, ... e6, ... b6 a ... Lb7 oder e Kinneksindeschen Opbau mat ... Sf6, ... g6 a ... Lg7. Eng drëtt Méiglechkeet ass de b-Bauer direkt unzegräifen mat 1. ... a5 oder 1. ... c6 nieft 2. ... a5 oder 2. ... Db6.
[änneren] 1. ... e5
- 1. b4 e5
1. ... e5 ass deen heefegste schwaarzen Zuch, well doduerch net nëmme Presenz am Zentrum opgebaut gëtt, mee och nach de Bauer op b4 vum Leefer ugegraff gëtt. Wäiss kann de Bauer mat 2. a3 decken, wat et Schwaarz erlaabt mat 2. ... d5 een idealt Bauerenzentrum z'erriichten. Dofir ass d'Haaptvariant 2. Lb2 mat Ugrëff op e5. Dorops hi ka Schwaarz säi Bauer mat 2. ... d6 oder 2. ... f6 decken oder de wäisse Bauer mat 2. ... Lxb4 schloen, wat deen heefegsten Zuch ass.
[änneren] 2. ... Lxb4
- 1. b4 e5 2. Lb2 Lxb4
No 2. ... Lxb4 3. Lxe5 huet Schwaarz en Zentrumsbauer fir ee Randbauer ginn an hofft duerch säin Entwécklungsvirsprong en Ugrëff entfesselen ze kënnen. Eng interessant Alternativ ass d'Bauerenaffer 3. f4!?.
[änneren] 2. ... d6
- 1. b4 e5 2. Lb2 d6
Mat de Baueren op e5 an d6 ka Schwaarz tëschent engem Alindeschen mat ... Le7 an engem Kinneksindeschen Opbau mat ... g6 a ... Lg7 wielen.
[änneren] 2. ... f6
- 1. b4 e5 2. Lb2 f6
Am Géigesaz zu 2. ... d6 verspäert 2. ... f6 net d'Diagonal vum schwaarzfeldrege Leefer, wouduerch d'Drohung de Bauer op b4 ze schloen erhale bleift. Wäiss kann de Bauer mat 3. b5 aus der Wierkungslinn vum géigneresche Leefer zéien oder den Ugrëff op de Bauer ignoréieren a mat 3. e4!? an d'Sokolski-Gambit iwwergoen.
[änneren] 1. ... d5
- 1. b4 d5
Nom automatesche 2. Lb2 huet Schwaarz prinzipiell dräi Méiglechkeeten, déi mat der Entwécklung vu sengem Dammeleefer zesummenhänken. Schwaarz kann de Leefer mat ... b6 a ... Lb7 fianchettéieren, wat no ... Sf6 an ... e6 zu engem Dammenindeschen Opbau féiert, mat ... Lf5 oder ... Lg4 ausserhalb vun der Bauereketten e6/d5 entwéckelen oder mat ... e6 ouni ... b6 fir d'éischt aspäre wéi am Ofgeleentenen Dammegambit.
[änneren] 1. ... Sf6
- 1. b4 Sf6
Wéi och op 1. ... d5 ass hei déi bei wäitem heefegst Äntwert 2. Lb2. Well Wäiss dem schwaarze Spiller relativ vill Fräiheet am Zentrum léisst, kann dëse mat 2. ... d5 oder 2. ... e6 3. b5 d5 (oder 3. a3 d5) an d'Varianten no 1. b4 d5 iwwergoen. Allerdéngs huet Schwaarz och erëm eng Rei Indesch Strukturen zur Verfügung. Sou féiert 2. ... e6 nieft ... b6 nees zu engem Dammenindeschen an 2. ... g6 nieft ... Lg7 zu engem Kinneksindeschen Opbau.
[änneren] 1. ... c6
- 1. b4 c6
Mam Zuch 1. ... c6 gëtt dem wäisse b-Bauer d'Méiglechkeet geholl op b5 ze réckelen ouni verluer ze goen. Doduerch gëtt en ufälleg fir ... a5, well en net direkt mat a3 gedeckt ka ginn a well c3 déi laang Diagonal a1-h8 verspäert. Fir déi Problemer ze léise spillt Wäiss meeschtens 2. e3, wouduerch d'Feld b5 erëm zougänglech ass. Dowéinst geet Schwaarz an der Regel mat 2. ... d5 oder 2. ... Sf6 nees an aner Opbauten iwwer. Eng ähnlech Iddi wéi 2. e3 huet den Zuch 2. c4, deen och d'Feld b5 kontrolléiert an ... a5 ineffektiv mécht. Wa Wäiss wéi an deene meeschten anere Variante säi Leefer mat 2. Lb2 fianchettéiert, ka Schwaarz den Ugrëff op de b-Bauer weiderféieren. Dat kann direkt duerch 2. ... a5 geschéien, wourop Wäiss säi Bauer mat 3. b5 cxb5 4. e4 b4 5. a3 affert wéi am Wolga-Gambit (no 3. a3 axb4 4. axb4 Txa1 5. Lxa1 Db6 6. c3 steet de Leefer op a1 passiv), oder duerch 2. ... Db6 3. a3 a5. No 4. c4 axb4 5. c5! däerf d'Damm net op c5 huelen, well Wäiss soss Material gewënnt (5. ... Dxc5? 6. axb4 mat Doppelugrëff op d'Damm an op den Tuerm, z.B. 6. ... Dxb4 7. Txa8 Dxb2 8. Txb8 Kd8 a Schwaarz huet just zwee Bauere fir säin Tuerm). Eng besser Léisung fir Schwaarz ass 5. ... Dc7 6. axb4 Txa1 7. Lxa1. Schwaarz kann och 5. c5 verhënneren, andeems en 4. ... d6 spillt an d'Drohung e Bauer ze gewannen erneiert. Allerdéngs ka Schwaarz no 5. Sc3 nach ëmmer kee Bauer gewannen, well 5. ... axb4 6. axb4 Txa1 7. Dxa1 Dxb4? 8. Sd1! erëm Material verléiert, z.B. 8. ... Sf6 9. Lxf6 exf6 10. Da8 Le7 11. Dxb8 0-0 a Schwaarz huet zwar een Enwécklungsvirsprong mee just ee Bauer fir säi Sprénger. D'Partie Leonid Judassin - Wladimir Jepeschin, New York Open 1990, ass folgendermoosse weidergaang 5. ... Sf6 6. b5 g6 7. Tb1 Dc8 8. g3 Lg7 9. Lg2 0-0 10. Sf3 d5 11. bxc6 bxc6 12. 0-0 La6 13. cxd5 cxd5 14. d3 Sc6 15. Da4 Tc8 16. Tfc1 e6 17. Sd1 Dd7 18. Lc3 h6 19. Lxa5 Sxa5 20. Dxa5 Txc1 21. Txc1 Db5 22. Dxb5 Lxb5 23. Tb1 Ld7 24. Se3 Ta8 25. Sc2 Lf8 26. d4 La4 27. Sfe1 Tc8 28. Sb4 Tc3 29. Ta1 Se4 30. Sed3 Sd2 31. e3 Sc4 32. Sc5 Lxc5 33. dxc5 Sa5 34. Sa6 1/2-1/2.[4]
[änneren] Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen
An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Sokolski-Erëffnung ënnert dem Schlëssel A00 klassifizéiert.
- A00: Onregelméisseg Ufankszich
[änneren] Partien
[änneren] Literatur
- Jerzy Konikowski a Marek Soszynski: 1. b4: Theory & Practice of the Sokolsky Opening. Russell Enterprises, 2009, ISBN 1-888690-65-8
- Yuri Lapshun an Nick Conticello: Play 1 b4!: Shock Your Opponents with the Sokolsky. Everyman Chess, 2008, ISBN 1-85744-560-0
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
[änneren] Referenzen
- ↑ ChessBase
- ↑ 365chess opening explorer an ChessGames.com opening explorer
- ↑ Savielly Tartakower: My Best Games Of Chess 1905-1954. Dover Publications, 1985, ISBN 0-486-24807-0
- ↑ Lapschun & Conticello: Sokolski für Schwarz und Weiß, S. 159-161