Solarboot um Séi

Vu Wikipedia

D'Solarboot um Séi ass eng Initiativ vum Naturpark Uewersauer fir op eng ëmweltschounend Manéier de Stauséi Uewersauer besser kennen ze léieren. Zanter Enn der Saison 2001 u gi vum Naturpark um Solarboot Princesse Alexandra, nodeem fir d'éischt e Boot mat zwielef Sëtzplaze geleast gouf, guidéiert a pedagogesch Tier an der Saison um mëttleren Deel vum Séi ugebueden.

Technesches[änneren | Quelltext änneren]

Dat 2,6 Tonne schwéiert Solarboot huet eng Längt vun 10,5 m, eng Breet vun 2,5 m an eng Gesamthéicht vun 3,5 m mat engem Déifgank vun 0,76 m. Mat enger Maximalvitesse vun 12 km/h fiert dat technesch modernt a maniabelt Gefier an der Moyenne mat 8 km/h an huet bei engem zougeloosse Gesamtgewiicht vu 4,4 Tonne Plaz fir 23 Passagéier an zwee Mann Bordpersonal. Mat Hëllef vun erneierbarer Energie gëtt dat ökonomescht Boot, ouni Kaméidi ze maachen an ouni Gefor ze lafen d'Waasser an d'Loft ze verknaschten, a Beweegung gesat.

D'Boot ass mat engem elektreschem Undriff an enger Photovoltaikanlag mat 16 Solarpanneauen équipéiert, déi Sonnenenergie an elektresch Energie ëmwandelen. Dës Panneaue mat enger Leeschtung vun 800 Wp sinn um Daach vum Boot montéiert an hunn eng Fläch vu 5 m². Am Idealfall gëtt den elektresche Motor, deen d'Schrauf undreift an d'Boot a Beweegung setzt, zu engem Drëttel direkt vun der elektrescher Energie aus de Solarzelle versuergt. Zwee Drëttel kommen aus 16 uneneegekoppelt 6-Volt Akkumulatore vun 180 Ampèrestonn, déi béidsäiteg ënner de Sëtzbänke leien. Dës Akkumulatore späicheren déi vun de Solarzelle produzéiert elektresch Energie och wann d'Boot net a Betrib ass. Si erlaben eng méi séier Bootsfaart an erméiglechen en Tour ëm 12 Stonne bei sonnegem Wieder a vu gutt 8 Stonne bei décker Wollekeschicht oder am Däischteren.

D'Solarboot ass eng Spezialfabrikatioun vun der Schwäizer Firma MW-Line aus der Serie Aquabus 1050T.

Solarboot-Tour[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Motto Entdecke vu Flora a Fauna um Uewersauerstauséi steet déi knapps 13 km laang ëmweltfrëndlech Faart vun zirka zwou Stonnen, déi et erlaabt de Stauséi emol eng Kéier aus enger anerer Perspektiv z'erliewen. Vun Ënsber (Baech - Plage I) aus, laanscht d'Béiwener Staumauer bis hanner Baerel an nees zeréck mat enger Visite am Bëschentdeckungszenter Buerfelt gi wärend der Bootsfaart eng Rei interessant Aspekter iwwer d'Flora a Fauna, den Drénkwaasserschutz an d'Geschicht vum Stauséi, kombinéiert mat klengen Aktivitéiten, vermëttelt.

D'Amphibien-Tour erméiglecht et vu Baerel ass de Réckwee iwwer Hellekessel a Richtung Léifreg, iwwer d'Virstaumauer vu Béiwen an d'Pontonsbréck zu Lëlz an engem zirka aacht Kilometer laangem Spazéierwee zu Fouss zeréckzeleeën.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]