Solo (Musek)

Vu Wikipedia

An der Musek ass e Solo

  • e Musekstéck oder den Deel vun engem Musekstéck, dat fir eng Persoun oder een Instrument geschriwwen ass,
  • d'Opféierung vun engem Musekstéck, Vokal- oder Instrumentalmusek, duerch eng Persoun. Et gëtt zum Beispill Kompositiounen, déi fir ee Piano geschriwwe sinn.

Solist ass e Museker, Sänger oder Dänzer deen eleng optrëtt oder eng Eenzelstëmm an engem Chouerverband a bannent engem Instrumentalensembel.