Solon Irving Bailey

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Solon Irving Bailey, gebuer den 29. Dezember 1854 zu Lisbon (New Hampshire), USA a gestuerwen de 5. Juni 1931 bei Boston) war en US-amerikaneschen Astronom. Hien huet vun 1887 un um Harvard College Observatoire geschafft.

Nodeem den Observatoire de „Boyden Fund“ aus der Ierfschaft vum Uriah A. Boyden erhalen hat, huet de Bailey eng wichteg Roll bei der Sich no enger Standplaz fir d'Boyden Statioun zu Arequipa a Peru gespillt, an huet d'Statioun vun 1892 bis 1919 geleet. Hie war ee vun deenen éischten, deen meteorologesch Studien an Wüstegéigenden a grousser Héicht am Peru duerchgefouert huet. D´Boyden Statioun gouf am Joer 1927 wéinst bessere Wiederbedéngungen op Bloemfontein a Südafrika verluecht a gouf als Boyden Observatoire bekannt. De Bailey huet intensiv Studien u verännerleche Stären a Kugelstärekéip op der südlecher Hemisphär duerchgefouert. Ausserdeem huet hie mat grousser Genauegkeet och d'Period vun den Hellegkeetsschwankunge vum (433) Eros während senger Oppositioun am Joer 1903 gemooss. Nom Doud vum Edward Charles Pickering war de Bailey vun 1919 bis zu der Beruffung vum Harlow Shapley am Joer 1921 geschäftsféierenden Direkter vum Harvard College Observatoire.

Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Asteroid (504) Cora.

Noruff[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie