Som (Planz)

Vu Wikipedia
Dräi Zorte Lënsesom

E Som ass en Element am Liewenszyklus vun de Somplanzen (Spermatophyta), dat de planzlechen Embryo enthält a schützt. E Som ass dacks an enger Fruucht, déi seng Verbreedung erlaabt, a besteet aus der Somschuel (Testa), dem Embryo an dacks och nach engem Nierstoffgeweebe (Endosperm oder Perisperm).

De Som huet domat all d'Anlagen, fir ënner gënschtege Keimungskonditiounen zu enger neier Planz erunzewuessen. Am Fall wou d'Konditiounen net favorabel fir d'Keimung sinn, kann de Som de Konditiounen aus engem Milieu, dee feindlech ginn ass, entkommen, entweeder andeem e sech dervun ewech mécht oder andeem e waart, bis d'Ëmstänn erëm méi gënschteg sinn.

Eng Boun als Beispill fir en zweekéngbliederege Som.