Sonata Arctica
Sonata Arctica ass eng finnesch Power Metal/Melodic Speed Metal-Band aus der klenger Stad Kemi.
Inhaltsverzeechnes |
D'Musek [änneren]
Déi, ofgesi vun de Balladen, séier Lidder ginn deelweis vu melodeschen a sphäresche Keyboards dominéiert, wat dohier kënnt, datt hire Frontman a villsäitegen Sänger Tony Kakko ursprénglech den eenzege Keyboarder vun der Band war, doranner awer entre-temps vum Henrik KlingenBerg ofgeléist gouf. Déi méistëmmeg Keyboards brénge besonnesch op de Live-Shows e spezielle Sound. Genee sou typesch fir dës Band sinn déi extrem séier Gittar-Soloen am typesche Power Metal Stil wéi en zum Beispill den Timo Tollki vu Stratovarius geprägt huet, bei deem pro Riff ëmmer nëmmen eng Säit ugeschloe gëtt, woubäi 5-8 Riffs pro Sekonn ganz normal sinn.
Geschicht [änneren]
D'Band gouf 1996 ënnert dem Numm Tricky Beans gegrënnt, huet deen Numm awer 1997 an Tricky Means ëmgeännert. Anscheinend hu si am Ufank Musek gemaach dei näischt mat Metal ze dinn hat.
1999 hunn Tricky Means dann domat ugefaange Power Metal ze produzéiren a kruten e Kontrakt bei der Plackefirma Spinefarm Records. Doropshinn hu si hiren Numm nach eng Kéier geännert, dës Kéier a Sonata Arctica.
Am selwechte Joer koum hiren éischten Album Ecliptica eraus. De Frontman Tony Kakko, dee bis dohi Keyboard gespillt a gesongen huet, huet beschloss sech lo primär op de Gesank ze konzentréiren. Als Remplaçant koum de Mikko Harkin derbäi. Wéineg spéider huet de Bassist d'Band verlooss a gouf duerch de Marko Paasikosi ersat.
2001 koum dunn hiren Album Silence eraus, dee vu ville Fans als hiert bescht Wierk ugesi gëtt. Aus Opnamen vun der Japan-Tournée as 2002 de Live-Album Songs of Silence - Live in Tokyo entstanen deen d'Live Versioune vun de Lidder aus Silence enthält.
Als nächsten huet de Mikko Harkin d'Grupp verlooss a gouf duerch den Henrik Klingenberg ersat. E Joer drop as hiren drëtten Album Winterhearts Guild erauskomm, am September 2004 de véierten, dee sech Reckoning Night nennt an deen als hiren experimentellsten an erwuessensten Album dominéire kann.
Discographie [änneren]
Albumen [änneren]
Singles [änneren]
- UnOpened (1999)
- Wolf & Raven (2001)
- Last Drop Falls (2001)
- Victoria's Secret (2003)
- Broken (2003)
- Don't Say A Word (2004)
- Shamandalie (2004)
- Replica 2006 (2006)
- Paid in Full (2007)
Mini-CDs [änneren]
- Successor (2000)
- Orientation (2001)
- Takatalvi (2003)
- Takatalvi (2003)
- Don't Say A Word (2004)
D'Band [änneren]
Memberen [änneren]
- Tony Kakko, Gesank
- Jani Liimatainen, Guittar
- Tommy Portimo, Batterie
- Marko Paasikoski, Bass
- Henrik Klingenberg, Keyboard
Ex-Memberen [änneren]
- Mikko Harkin, Keyboard
- Janne Kivilahti, Bass
Weblink [änneren]
| Commons: Sonata Arctica – Biller, Videoen oder Audiodateien |