Sonnefilter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Sonnefilter ass en Zousazdeel vun engem opteschen Instrument an erméiglecht et bei richteger Uwendung, déi geforelos Observatioun vun der Sonn. Déi beschten Instrumenter fir Sonnenobservatioun, bei deem e Sonnefilter zum Asaz kënnt, ass meeschtens en astronomescht Teleskop oder e Feldstiecher. D'Sonn däerf ni ouni e gudde Sonnefilter gekuckt ginn. Ganz séier kann ee blann ginn, wann net dat richtegt Geschir gebraucht gëtt.

Inhaltsverzeechnes

Allgemenges [änneren]

E Maksutov-Teleskop mat selwer gebautem Filter aus Sonnefilterfolie

Fir d'Sonn mat engem Teleskop oder Feldstiecher ze observéieren, brauch een e Filter, deen dat meeschte Liicht absorbéiert an reflektéiert, fir datt d'A vum Observateur kee Schued kritt. Ideal dofir asss eng relativ bëlleg Sonnefilterfolie aus dem Fachhandel. Dës Folie gëtt virun d'Ëffnung vum Teleskop gespant. Si reduzéiert dat afalend Liicht op 0,001 % (1/100.000-stel). Niewent de Folien ginn heefeg och Objektiv-Sonnefilter aus Glas gebraucht.

Forme vu Sonnefilter [änneren]

Sonnefilter ginn a folgende Formen ugebueden:

Weider Schutzformen an Observatiounsméiglechkeeten [änneren]

Eng weider Méiglechkeet fir d'Liicht ze reduzéieren, ass niewent dem Gebrauch vu Filteren, den Asaz vun engem Herschelkäil oder Pentaprisma, deen an der Géigend vum Brennpunkt ubruecht gëtt. Am Géigesaz zu der Filterfolie sinn déi leschtgenannten Methoden däitlech méi deier, liwweren awer an der Regel besser Biller. Siichtbar sinn mat dëser Method niewen Sonneflecken och d'Granulatioun an d'Sonnefackelelen. Fir Kontrastverbesserung kënnen nach Faarffilter agesat ginn.

Protuberanzen, Flares a weider Details ginn mat amateurastronomesche Mëttelen am beschten mat engem Filter siichtbar. Dëse Filter léisst nëmmen d'Liicht mat enger Wellelängt vun 656,28 Nanometer duerch.

Observatiounsresultat [änneren]

Bei Glasfiltern veruersacht eng Chromschicht ee giel-orangt Sonnebild, eng Aluminiumsschicht dogéint mécht e blowäisst Bild. Bei Foliefilteren gëtt och e blowäisst Bild produzéiert.

Optesch Dicht [änneren]

D'optesch Dicht (OD) oder d'Extinktioun gëtt un, wat fireen Brochdeel vum afalendem Sonneliicht duerch de Filter geet. Déi optesch Dicht vun der Metallbeschichtung kann jee no Gebrauch variéiert ginn. An der Regel sinn dës OD = 3,0 (1/1.000), OD = 3,8 (1/6.309) oder OD = 4,0 (1/10.000) fir fotografesch Zwecker oder visuell mat zousätzlechem Filter, deen déi optesch Dicht vum ganzen System op OD = 5,0 (1/100.000) erofsetzt, an OD = 5,0 (1/100.000) fir visuell Gebräicher ouni zousätzlech Filter a begrenzt och fir fotografesch Zwecker.

Uwendungsméiglechkeeten [änneren]

En Objektiv-Sonnefilter ka mat bal all Teleskopart gebraucht ginn. Eenzeg Ausnam sinn de Schiifspigler no Kutter oder de Yolo.

Gefor vu Blannheet bei Filternoutbehëllef [änneren]

Selwer gebaute Filter (geschwäerzte Glas, Rettungsdecken, Schweesserbrëllen an Ähnleches) sinn net geeegent, well bei hinnen keng Kontroll besteet, ob och déi schiedlech, awer onsiichtbar Ultraviolett- an Infraroutundeeler vum Sonneliicht ausgefiltert ginn. Huet ee kee Sonnefilter, da sollt een op eng Observatioun mat Okularprojektioun auswäichen. D'Observatiounszäit sollt hei awer kuerz gehale ginn a vu Pausen ënnerbrach ginn, well sech Deeler vun der Optik staark opwiermen kënnen. Och Okularsonnefilter, wéi se bei bëllegen Teleskopen bäileien, däerfen fir eng visuell Observatioun net gebraucht ginn: Si kënnen opgrond vun der Hëtztentwécklung schonns no kuerzer Observatiounszäit platzen, wat ganz grouss Aeschied mat sech bréngt an zu Blannheet am Brochdeel vun enger Sekonn féiere kann.

Déi eenzeg Méiglechkeet, d'Sonn ouni Gefor ze kucken, ass de Gebrauch vun engem Teleskop deen e speziellen Sonneschutzfilter (Folie, Glas) virun der Ëffnung huet, ni awer virum Okular. Fir eng sécher visuell Sonnenobservatioun muss déi optesch Dicht mindestens OD = 5,0 (maximal 1/100.000-stel vum Sonneliicht gëtt duerchgelooss) hunn.

Beschiedegt Objektivfilter dierfen net weider gebraucht ginn, well keng Sécherheet méi do ass. Besonnesch oppassen muß een bei Filter aus Sonnefilterfolie (Lächer, Rëss).

De Sucher um Teleskop muss bei enger Sonnenobservatioun och mat engem Sonnefilter virun der Ëffnung ausgestatt ginn. Noutfalls muss hien zougemaach oder ofgebaut ginn.

Am Zweifelsfall soll virun enger Observatioun de Rot vu Fachleit ageholl ginn.

Um Spaweck [änneren]