Sonnendäischtert

Vu Wikipedia
Total Sonnendäischtert
Distanzen a Gréissteverhältnesser sinn net moossstafgerecht
Animatioun vun der totaler Sonnendäischtert vum 29. Mäerz 2006; dee klengen, donkele Punkt ass de Kärschiet, den Hallefschiet ass méi hell.

Eng ierdesch Sonnendäischtert, Eklips oder Sonnefënsternes, ass en astronomescht Ereegnes, bei deem d'Sonn vun der Äerd aus gesinn duerch den Äerdmound ganz oder deelweis verdeckt gëtt.

De Wénkelduerchmiesser vun der Sonn a vum Mound hu bal déi selwecht Gréisst, soudatt de Mound d'Sonn vollstänneg bedeckt a sou eng total Sonnendäischtert entstoe kann. D'Spur vum Kärschiet vum Mound, déi dobäi op d'Äerd fält ass e puer honnert Kilometer breet. Vum Hallefschiet gëtt dogéint ongeféier d'Hallschent vun der Äerduewerflächendagessäit getraff, soudatt vun do aus d'Däischtert vun der Sonn zwar och, awer nëmme partiell gesi gëtt.

Wéini gëtt et eng Sonnendäischtert?[änneren | Quelltext änneren]

Fir datt et eng ierdesch Sonnendäischtert gëtt, musse Sonn, Äerdmound an Äerd méiglechst genee op enger Linn stoen. Well d'Äerdmoundbunn schréi géint d'Ekliptik steet, trëtt dëst nëmmen dann an, wann d'Sonn an den Äerdmound an der Noperschaft vum Moundknuet sinn. Dat ass nëmme bei all sechstem Neimound de Fall, munnechmol och schonn no dem fënneften Neimound.

De Wénkelduerchmiesser vum Äerdmound geet bei verschiddenen Däischterten duer, fir d'Sonn vollstänneg ze bedecken. Heiansdo ass en awer ze kleng, soudatt d'Sonn ronderëm de Mound ze gesinn ass. Dëst läit dorun, datt d'Ëmlafbunn vun der Äerd ëm d'Sonn wéi och déi vum Mound ëm d'Äerd net kreesfërmeg ass, mä liicht elliptesch, also Mound a Sonn vun der Äerd aus gesinn, sinn net ëmmer gläich grouss. Ausserdeem gëtt bei munnechen Däischterten d'Äerduewerfläch net vum Moundkärschiet getraff, mä nëmme vu sengem Hallefschiet. Aus dësem Grond si verschidden Aarte vu Sonnendäischterten z'ënnerscheeden.

Aarte vu Sonnendäischterten[änneren | Quelltext änneren]

Entstoe vu verschiddene Sonnendäischteren
Korona bei enger totaler Sonnendäischtert
verschidde Phase vun enger partieller Sonnendäischtert (Verlaf vu riets uewen no lénks ënnen)

Eng Däischtert, bei där d'Äerd nëmme vum Moundhallefschiet getraff gëtt, ass eng partiell Sonnendäischtert. Si trieden an de polare Regioune vun eiser Äerd op.

Däischterten, bei deenen d'Achs vum Moundsched d'Äerd kräizt, nennt een zentral Däischtert. Bei dëse ginn dräi Aarten ënnerscheet.

Total Sonnendäischtert[änneren | Quelltext änneren]

Bei enger totaler Sonnendäischtert ass de Wénkelduerchmiesser vum Äerdmound méi grouss wéi dee vun der Sonn. D'Observatioun vu sou enger Däischtert ass am interessantsten, haaptsächlech well een dobäi d'Sonnekorona gesäit, déi soss vum helle Sonneliicht iwwerstraalt gëtt. Hei besteet fir d'Sonnephysiker d'Geleeënheet, d'Sonnekorona z'ënnersichen.

Well de Wénkelduerchmiesser vum Äerdmound och bei gënschteger Konstellatioun dee vun der Sonn nëmmen e bëssi iwwertrëfft, ass d'Totalitéitszon relativ schmuel. Am gënschtegste Fall huet de Kärschiet en Duerchmiesser vun 273 Kilometer.[1] Totalitéitsdauer op enger Plaz gëtt ausser vun de Gréissteverhältnesser tëscht Sonn a Mound och vun der Bunnvitess vum Mound a vun der Vitess vun der Äerdrotatioun bestëmmt. D'Totalitéit dauert am Beräich vum Equator am längsten, well do d'Äerd am séiersten dem Moundschiet „hannendru leeft“. Theoreetesch kann d'Totalitéit ongeféier 7,5 Minutte daueren.[2]

Zu Lëtzebuerg war déi rezentst total Sonnendäischtert den 11. August 1999 an huet ronn 140 Sekonne gedauert. Déi nächst total Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ass eréischt de 14. Juni 2151 kuerz no 19 Auer, a wäert knapps 4 Minutten daueren.[3]

Rankfërmeg Sonnendäischtert[änneren | Quelltext änneren]

Wann opgrond vun den ellipteschen Ëmlafbunne vun der Äerd ëm d'Sonn an déi vum Mound ëm d'Äerd de Wénkelduerchmiesser vun der Sonn dee vum Mound iwwertrëfft, bleift de baussenzege Rand vun der Sonn siichtbar. De Kärschiet vum Mound ass ze kuerz, fir d'Äerduewerfläch z'erreechen. D'Sonnekorona ass net ze gesinn, well si vum siichtbar bleiwenden Deel vun der Sonn iwwerstraalt gëtt.

Eng rankfërmeg Phas ka méi laang dauere wéi eng total Phas. Dëst läit dorun, datt dee bei enger rankfërmeger Däischtert „klenge“ Mound ee méi e laange Wee maache muss, bis hie virun der „Sonnescheif“ laanscht ass. Zudeem ass seng Bunnvitess, wéinst sengem gréisseren Ofstand zu der Äerd, méi kleng. Theoreetesch kann d'rankfërmeg Phas ongeféier 12,5 Minutten daueren.[4]

Hybrid Sonnendäischtert[änneren | Quelltext änneren]

Bei enger hybrider Sonnendäischtert – och rankfërmeg-total Däischtert genannt – ass de Moundkärschiet nëmmen am Ufank an zum Schluss (munnechmol nëmmen an engem vu béiden) ze kuerz, fir op d'Äerduewerfläch unzekommen. An der Mëtt vu senger Bunn trëfft de Schiet awer wéinst der Kugelform vun der Äerd op d'Uewerfläch. Eng hybrid Sonnendäischtert fänkt un an endegt somat (meeschtens) als rankfërmeg Däischtert. Dertëscht ass si total. Op der Plaz vum Iwwergank si béid Phase fir e ganz klengen Abléck ze gesinn. D'Totalitéit dauert nëmmen e puer Sekonnen.

Dës Form vu Sonnendäischtert ass zimmlech rar a mécht am laangjärege Kanon nëmme ronn 1 % vun alle Fäll aus. E Beispill ass d'Däischtert vum 8. Abrëll 2005. Am Maximum war d'Totalitéitszon am ëstleche Pazifik viru Costa Rica a Panama nëmmen 27 Kilometer breet, d'Totalitéitsdauer huet nëmmen 42 Sekonne gedauert. Déi nächst hybrid Sonnendäischtert ass eréischt am Joer 2013.

Partiell Sonnendäischtert a partiell visuell zentral Däischtert[änneren | Quelltext änneren]

An engem Kanon vun de Sonnendäischterte ginn nëmme partiell Sonnendäischterten, déi an de polare Gebidder vun der Äerd optrieden, als där bezeechent.

Déi meescht Observateure vun enger zentraler Sonnendäischtert si baussent der zentraler Sträif. Béid Säitesträifen sinn am Hallefschiet vum Äerdmound a si méi breet wéi déi zentral. Och den Observateur op der zentraler Sträif erlieft vir an no der Totalitéit wärend laanger Zäit nëmmen den Hallefschiet. All dës Observateure gesinn nëmmen déi partiell verdäischtert Sonn. Onglécklecherweis gëtt déi Observatioun och mat partieller Sonnendäischtert bezeechent.

Kontakter[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem Moment vum Maximum huet all Sonnendäischtert op all Observatiounsplaz véier weider charakteristesch Momenter, nämlech déi véir Kontakter.

  1. Den Neimound beréiert d'Sonn visuell beim 1. Kontakt. Duerno fänkt déi partiell Phas un.
  2. Beim 2. Kontakt fänkt déi total oder déi rankfërmeg Phas un,
  3. déi beim 3. Kontakt fäerdeg ass an nees zu der partieller Phas wiesselt.
  4. Beim 4. Kontakt beréiere sech Neimound a Sonn nees nëmme baussen, duerno ass d'Däischtert fäerdeg.

An den Tabelle vun de Sonnendäischterte ginn dës verschidde Kontakter ëmmer opgefouert.

Plaz an Aart vun den Däischterten[änneren | Quelltext änneren]

Déi follgend Tabell weist all Sonnendäischterten tëscht Abrëll 2311 a Mäerz 2315 un.

Däischtert-Kanon vum Abrëll 2311 bis Mäerz 2315[5]
Nummer Breet Typ Datum Typ Breet Gamma Gréisst
−4 19. Abrëll 2311 P 71° Nord  1,41 0,25
 ve1 69° Süd P (19. Mee 11)
−3 13. Oktober 2311 P 72° Süd −1,38 0,30
 ve2 70° Nord P (11. Nov. 11)
−2 7. Abrëll 2312 A 51° Nord  0,72 0,93
−1 1. Oktober 2312 T 44° Süd −0,68 1,06
 0 27. Mäerz 2313 A 2,6° Nord −,001 0,95
 1 21. September 2313 T 3,0° Nord  0,04 1,02
 2 17. Mäerz 2314 A 55° Süd −0,72 0,99
 3 10. September 2314 A 57° Nord  0,82 0,97
 na 70° Nord P ( 5. Februar 15)
 4 6. Mäerz 2315 P 72° Süd −1,37 0,32

Phenomeener wärend enger totaler Sonnendäischtert[änneren | Quelltext änneren]

Hellegkeets-Ännerungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Beliichtungsstärkt hëlt op ongeféier 1/10.000 bis 1/100.000 vun der normaler Sonneschäinhellegkeet of. Dat ass ongeféier déi 50- bis nëmme 5-fach Hellegkeet vun enger Vollmoundnuecht. Den Dag gëtt also bal wéi eng Nuecht. D'Helligkeetsännerung gëtt ongeféier zéng Sekonne vir an no der Totalitéit am dramateschsten opgeholl (déi miessbar Hellegkeet ännert sech dogéint bei hallwer Bedeckung wärend der partieller Phas am séiersten). Déi opgehollen Hellegkeet léisst sech duerch de Logarithmus vun der tatsächlecher Hellegkeet zimmlech genee duerstellen (Weber-Fechner-Gesetz).

Schiet déi fléien[änneren | Quelltext änneren]

Bei schmueler Sonneséchel - ongeféier jee eng Minutt virun dem 2. Kontakt an no dem 3. Kontakt - kënnen fléiend Schieter optrieden. Et handelt sech dobäi ëm e Szintillatiouns-Phenomeen. D'Äerd gëtt wéinst de Refraktiounsënnerscheeder an der Loft net gläichméisseg beliicht, soudatt sech bei enger schmueler Sonneséchel um Buedem siichtbar Sträifemuster bilden, déi sech analog zu der Beweegung an der Loft beweegen. Bei enger breeder Sonneséchel oder baussent enger Däischert fält de Kontrast dem mënschlechen A net méi op. De Begrëff fléiende Schiet ass also sachlech net ganz richteg, och net den englesche Begrëff shadow bands.

Diamantrank- oder Pärelschnouer-Effet[änneren | Quelltext änneren]

An de Momenter vum 2. a vum 3. Kontakt gesäit et aus, wéi wa beim leschten an éischtem Sonnestral, d'Stralen duerch d'Däller- a Moundbierglandschafte géifen zéien. Dëst gëtt den Uschäinan den Androck vun engem Diamantrank oder enger Pärelschnouer. Am Engleschen heescht dësen Effet Bailey's beads.

Sonnekorona an Protuberanzen[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht dem 2. an 3. Kontakt liicht d'Korona ronderëm déi donkel Moundscheif. Jee no Sonnenaktivitéit gesäit d'Form vun der Korona gläichméisseg (Maximum) bis längelzeg (Minimum) aus. Iwwer dem Moundrand kënne wärend der totaler Phas och roudelzeg Protuberanze gesi ginn.

Bei der Observatioun vun enger rankfërmeger Sonnendäischtert ass d'Sonnekorona net ze gesinn. De Pärelschnouerphenomeen kann awer beim 2. an 3. Kontakt gesi ginn.

Déi wëssenschaftlech Observatioun vun der Sonn erstreckt sech vun der Photosphär (kuerz virun dem 2. Kontakt a kuerz no dem 3.Kontakt), iwwer déi schmuel Chromosphär (an de Momenter vum 2. an 3. Kontakt) bis zu der ausgedeenter Korona an de Protuberanzen (tëscht dem 2. an 3. Kontakt).

Visualitéit vu Planéiten a Stären[änneren | Quelltext änneren]

Ronderëm d'Sonnendäischtert kann een déi hellst Planéiten a Stäre gesinn.

Temperaturoffall[änneren | Quelltext änneren]

Dacks fält d'Temperatur wärend enger totaler Sonnendäischtert ëm e puer Grad. Déieren a Planzen reagéieren och op d'Däischtert an Temperaturoffall. Vullen hale mat piepsen op, wärend d'Flíedermäis aus hire Stoppen erauskommen. Blumme maachen hir Bléien zou.

Liichtverännerung[änneren | Quelltext änneren]

Schonn wärend der partieller Phas hëlt d'Liicht eng onnatierlech bläifaarweg Téinung ugeholl. D'Schieter gi méi konturräich, an am Schiet vun de Beem a Sträicher forme sech duerch de sougenannte „Lochblenden-Effet“ (Camera obscura) honnertfach Sonneséchelen a Liichtkréngelen um Buedem. Bei erreechter Totalitéit ass den Horizont orangegiel bis roudelzeg gefierft, wärend de Kärschiet den Himmel no beim Zenit déif donkelblo ausgesäit.

Oppasse bei enger Observatioun[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Observatioun vun enger Sonnendäischtert a generell bei Observatioune vun eiser Sonn muss ganz gut opgepasst ginn. Et däerf een nimools mat bloussem A oder mat enger Spektiv oder Teleskop ouni Filter direkt an d'Sonn kucken. Grouss Aeverbrennunge bis Blannheet kënnen d'Folleg ginn. Fir d'Observatioune mat bloussem A si speziell Sonnendäischtertbrëller erfuerdert. Nëmme wärend der ganz kuerzer Zäit vun der Totalitéit kënnen d'Sonnendäischtertbrëller ausgedoe ginn. Bei enger rankfërmeger oder partieller Däischtert däerfe Filter a Brëller bei enger Observatioun net ausgedoe ginn.

Sonnendäischtert an d'Raumfaart[änneren | Quelltext änneren]

De Moundschiet op der Äerd wärend der Sonnendäischtert vum 29. Mäerz 2006 vun der ISS aus gesinn.

Virun der Raumfaart waren d'Sonnephysiker fir hir Ënnersich op déi rar Sonnendäischterten op eiser Äerd ugewisen. Am Weltraum ass et relativ einfach, zu jiddwer Zäit eng „Sonnendäischtert“ ze simuléieren. D'Sonnescheif gëtt duerch eng passend grouss Blend op engem entspriechendem Ofstand ofgedeckt, fir beispillsweis d'Korona ze fotograféieren an z'ënnersichen. Dëst ass op der Äed wéinst dem Streeliicht vun der Atmosphär net méiglech. Allerdéngs kann dobäi déi bannescht Korona wéinst ze héijer Hellegkeet net ënnersicht ginn, wat bei enger Sonnendäischtert op der Äerd méiglech ass.[6] Esoz Simulatioune ginn beispillsweis mat dem Observatiounsinstrument LASCO u Bord vun der Raumsond SOHO virgeholl.

D'Raumfaart spillt awer och eng Roll bei der Poursuite vun enger Sonnendäischtert op der Äerd. Déi éischt dokumentéiert Observatioun vun enger ierdescher Sonnendäischtert aus dem Weltraum staamt vun der Gemini 12: total Sonnendäischtert vum 12. November 1966. Fotoe vum beweegte Schiet iwwer der Äerd goufen och vun der Mir gemaach, d'Biller vun der 11. August 1999 waren eng vun de leschten, virun der Ausmusterung vun der Station.[7] Wärend der totalen 29. Mäerz 2006 ass d'International Raumstatioun (ISS) dem Kärschiet vum Mound zimmlech no komm, woubäi e puer Fotoen entstanen sinn. Ëmgekéiert huet ee vun e puer Äerd-Plazen aus d'ISS virun der deelweis däischteren Sonn laanscht zéie gesinn.[8]

Sonnendäischterte bei anere Planéiten[änneren | Quelltext änneren]

Däischterte gëtt et net eleng op der Äerd, mä si triede bei alle Planéiten, déi Mounden hunn, op – souwuel Sonnen- wéi och Mounddäischterten. Op kengem anere Planéit ass awer d'Konstellatioun sou wéi op eiser Äerd, bei där zoufälleg de Wénkelduerchmiesser vun der Sonn an dem Äerdmound bal identesch.[9]

Am interessantsten sinn d'Sonnendäischterten um Jupiter, déi seng véier gréisst Mounden verursaachen. Dës sinn ongeféier an der Bunnhéicht vum Jupiter ëm d'Sonn, wouduerch bal all Dag Sonnendäischterten um Jupiter sinn. De Schiet, deen dës Mounden op hire Planéit werfen, ass scho mat klengen Teleskopen ze gesinn.[9]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hans-Ulrich Keller: Kompendium der Astronomie. Kosmos, Stuttgart 2008, ISBN 978-3-440-11289-2, Seite 103–109, siehe Literatur
  2. Vgl. J. Meeus: Mathematical Astronomy Morsels III. Willmann-Bell, Richmond 2004, ISBN 0-943396-81-6, Kap. 10. Déi maximal Totalitéitsdauer geschitt bei enger Däischtert, déi hire Maximum bei ongeféier 5° nërdlecher oder südlecher Breet huet.
  3. berechent um Site wolframalpha.com
  4. J. Meeus: Mathematical Astronomy Morsels IV. Willmann-Bell, Richmond 2007, ISBN 0-943396-87-3, Kap. 8
  5. Aus Five Millennium Canon of Solar Eclipses: -1999 to +3000
  6. Jay M. Pasachoff: Finsternisforscher hoffen auf freie Sicht. Spiegel-Online vum 29. Mäerz 2006
  7. Astronomy Picture of the Day: Looking Back on an Eclipsed Earth.
  8. astronomie.info: Zwou gläichzäiteg Däischterten − De Mound an d'Raumstatioun ISS virun der Sonn
  9. 9,0 9,1 Kippenhahn, Knapp: Schwarze Sonne, roter Mond. Seite 196–204, kuckt Literatur

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rudolf Kippenhahn, Wolfram Knapp: Schwarze Sonne, roter Mond. Die Jahrhundertfinsternis, DVA, Stuttgart, 2002
  • Andreas Walker: Sonnenfinsternisse und andere faszinierende Erscheinungen am Himmel, Birkhäuser Verlag, Basel, 1999
  • Serge Brunier, Jean-Pierre Luminet: Glorious Eclipses: Their Past Present and Future, Cambridge University Press, 2000
  • Mark Littmann, Ken Willcox, Fred Espenak: Totality, Oxford University Press, 1999
  • J. P. McEvoy: Sonnenfinsternis. Die Geschichte eines Aufsehen erregenden Phänomens. Berlin Verlag, Berlin 2001, ISBN 3-8270-0372-5
  • H. Mucke, J. Meeus: Canon der Sonnenfinsternisse -2003 bis +2526, Wien, 2. Auflage, 1999 [1]
  • Hans Ulrich Keller (Hrsg.): Kosmos Himmelsjahr 1999. Franckh-Kosmos, Stuttgart 1998, ISBN 3-440-07570-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sonnendäischtert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Allgemeng[änneren | Quelltext änneren]

Zesummestellungen a Berechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Eenzelereegnesser[änneren | Quelltext änneren]

Diverses[änneren | Quelltext änneren]