Sonnenteleskop GREGOR

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
GREGOR-Teleskopgebai um Teide

GREGOR ass e Sonnenteleskop um Bierg Izaña op der Insel Teneriffa, dat vum Teide Observatoire‎ op enger Héicht vun 2400 m bedriwwe gëtt.

Et gëtt haaptsächlech fir Ënnersich vu klenge Strukturen op der Sonn agesat, woubäi et duerch seng Adaptiv Optik eng Opléisung vun ca. 0,1 arcsec erreecht, sou datt Objete vun ongeféier 70 km Duerchmiesser op der Sonn erkannt kënne ginn.

D'Erfuerschung vun dëse klenge Strukturen ass wichteg, fir déi grondleeënd Prozesser vun der Wiesselwierkung vu Magnéitfelder mat de Plasma-Turbulenzen op der Sonn ze verstoen. Entwécklung an Asaz vum GREGOR-Telekop gi vum Kiepenheuer-Institut fir Sonnephysik geleet. Weider Projetpartner sinn:

D'Teleskop ass eng nei Bauart vum Gregory-Teleskoptyp (konzipéiert 1570 vum James Gregory; dofir de Numm) mat dräi Spigelen an enger effektiver Brennwäit vu 55,6 m. Den Haaptspigel huet en Duerchmiesser vun 1,5 Meter, besteet aus Zerodur a gëtt aktiv gekillt, déi béid aner Spigele sinn aus Cesic, engem Siliciumcarbid.[1] D'Teleskopstruktur ass vollstänneg op a steet ënnert Kuppel déi aus zwou Hallefschuelen besteet déi sech opklappe loossen, wouduerch Loftturbulenzen am Stralegank (internal seeing) iwwergaange solle ginn.

D'Instrument ersetzt dat aalt 45 Zentimeter Gregory-Coudé-Teleskop[2] an ass mat senge Leeschtungsdaten eent vun den dräi stäerksten Instrumenter fir d'Sonnenobservatioun weltwäit an dat stäerkst an Europa. Niewent der Sonnenobservatioun soll et och als Nuetsteleskop agesat kënne ginn. First light war den 12. Mäerz 2009 den offizielle Gebrauch war den 21. Mee 2012[3].

Um Spaweck [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Referenzen [änneren]