Sonneradius

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Sonneradius gëtt an der Astronomie als Moosseenheet gebraucht, fir d'Gréisst vun anere Stären oder vu Planéiten unzeginn. De Sonneradius ass ca. 6,96 × 108 m = 696.000 km oder dat 109-facht vum mëttleren Äerdradius.

En typesche Vergläich liwwert d'Äerd-Äerdmound-System: Den Ofstand Äerd-Mound ass am Duerchschnëtt 384.400 km oder 55 Prozent vum Sonneradius. Sténg d'Sonn amplaz vun der Äerd, géif d'Moundbunn vollstänneg bannent der Sonn verlafen.

Vun der Äerd aus gesinn ass de schäinbare Sonneradius ongeféier 16', de ganzen Duerchmiesser vun der Sonnescheif also 32' oder 0,53°. Wéinst der eppes elliptescher Äerdbunn schwankt dëse Wäert ëm 1,7 Prozent a béide Richtungen: am Perihel vun der Äerdbunn (Ufank Januar) sinn et 32'32", am Aphel (Ufank Juli) awer nëmmen 31'28". Dem Ëmstand, datt den Äerdmound eis an engem selwechte Wénkel erschéngt, verdanke mer déi rar, awer beandrockent Erscheinunge vun totale Sonnendäischterten.