Sonnestralung

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sonnespektrum)
Wollekstralen iwwer der Waasseruewerfläch

D'Sonnestralung oder d'Solarstralung ass d'Stralung vun der Sonn. D'elektromagnéitesch Stralung huet hire Maximum am visuelle Liicht, ëmfaasst awer och aner elektromagnéitesch Welle vu Röntgen- an UV-Stralung bis zu Radiowellen. D'Partikelstralung, de Sonnewand, enthält haaptsächlech Elektronen a séier Ionen, déi vum Äerdmagnéitfeld an de Stralungsceinturen agefaange ginn.

Ëmgangssproochlech bedeit Sonnestralung och:

Sonnespektrum[änneren | Quelltext änneren]

Sonnestralung iwwer an op der Äerduewerfläch
Totaalt Sonnespektrum (logarithmesch Skala)

D'Sonnestralung ëmfaasst e Wellelängtespektrum vu méi wéi néng Zéngterpotenze, ugefaange bei haardem Röntgenliicht mat enger Wellelängt vu manner wéi 0,1 nm, iwwer e Spektrum vun engem schwaarze Kierper mat engem Maximum am visuelle Beräich bis hin zu laangwelleger Radiostralung am Meterberäich.

Wärend d'mëttel Sonnenenergie bal konstant ass, gëtt et grouss Ënnerscheeder an de Spektralberäicher baussent dem siichtbare Beräich. Dës Ënnerscheeder berouen zum Deel op Sonneneruptiounen déi vun der Sonnenaktivitéit ofhänken.

Dem kontinuéierleche Sonnespektrum sinn eng grouss Zuel vun Absorptiounslinne iwwerlagert, déi sougenannt Fraunhoferlinnen.

Stralungsgesetzer a Stralungsarten[änneren | Quelltext änneren]

De Stralungsmaximum läit am giel-grénge Spektralberäich, wat sech aus der Sonnenuewerflächentemperatur vu 6000 °C an de Stralungsgesetzer vum Planck a Wien ergëtt.

Zesumme mat de rouden a bloe Liichtundeeler huele mer dës Stralung als wäiss un. Déi net visuell Stralung ass virun allem Infraroutstralung, wou d'Wierkung d'Wiermtrezepter vun der Haut uspriechen. Vun de kuerzwellege Strale kënnt d'UV-Liicht bei eis, wärend d'Röntgenstralung vu Sonneneruptiounen (Flares) an d'kosmesch Stralung vun der Lofthüll ofgeschiermt ginn.

Solarkonstant[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Solarkonstant 

Déi total Stralungsleeschtung vun der Sonn op d'Äerd, gëtt duerch d'Solarkonstant jee Quadratmeter beschriwwen. Si ass am Mëttelwert

.

Globalstralung[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Globalstralung 

Jee no Plaz an Zäit gëtt den Androck vun der Sonnestralung duerch Klima a weider Bedingunge beaflosst. Sonneschäin ass wann d'Liicht duerch d'Wolleken direkt op d'Äerduewerfläch trëfft, d'Direktstralung. Liicht, dat iwwer Reflexioun a Wolleken, Waasser- a Stëbsdeelercher d'Äerduewerfläch erreecht, verursaacht d'Diffusstralung. Diffusstralung an Direktstralung op enger Plaz maachen zesummen d'Globalstralung. Déi huet vill méi grouss Variatioune wéi d'Solarkonstant an ass nëmme fir eng bestëmmt Plaz op der Äerduewerfläch zu engem Zäitpunkt miessbar.

Dämfung duerch d'Atmosphär[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerchléissegkeet vun der Atmosphär fir d'Sonneliicht am UV, Visuellen an Infrarout

D'Sonnestralung op der Äerduewerfläch ass manner wéi déi bausse vun der Äerdatmosphär, well d'Äerdatmosphär déi elektromagnéitesch Stralung zu 20 bis 40 Prozent absorbéiert. Ausserdeem gëtt een Deel als Infraroutstralung zeréck an de Weltraum reflektéiert.

Verklengerung duerch schréie Liichtafall[änneren | Quelltext änneren]

Dämfung vun der Sonnestralung beim Wee duerch d'Atmosphär: a) laange Wee, Verdeelung vun der Stralung iwwer e grousst Gebitt (Polarregioun), b) kuerze Wee, Verdeelung iwwer e klengt Gebitt, Afallswénkel vun 90° um Equator (Tropen)

Den Afallswénkel vun der Sonnestralung, dat ass de Wénkel tëscht de Stralen an dem Horizont, bestëmmt d'Schichtdéckt vun der Atmosphär, déi d'Stralung passéiere muss. D'Loftmass (air mass) gëtt e Wäert fir d'Längt vum Wee duerch d'Atmosphär un.

Fält d'Liicht- a Wäermtstralung schréi eran, verdeelt si sech iwwer eng gréisser Äerduewerfläch.

Den Afloss vun de Joreszäiten an den Tropen ass kaum ze mierken, well de Sonnestand do ëm Mëtteg ëmmer stäil ass. Den Ënnerscheed tëscht Summer a Wanter wierkt zu de Polen hin ëmmer méi staark.

A Mëtteleuropa steet d'Mëttegsonn am Summer 60 bis 65° héich a straalt bei ideale Wiederbedéngunge mat enger Bestralungsstärkt vu ronn 700 Watt/m². Am Wanter sinn et nëmmen 13° bis 18° an zu Mëtteg nëmme ronn 247 Watt/m². Am Verglach dozou ass d'Stralung op 3–4 km héije Bierger ongeféier 1000 W/m².

D'Erwäermung vun der Äerduewerfläch hänkt vun der Dauer vum hellen Dag of. Enn Juni ass d'Dauer ongeféier 16 Stonnen, am Dezember 8 Stonnen. D'Verhältnes vun der totaler agestraalte Sonnenenergie ass tëscht dëse Méint bei ronn 5:1 bis 10:1, gëtt awer duerch Wärmespäicherung virun allem duerch d'Miere gemëldert (Séiklima).

Miessung[änneren | Quelltext änneren]

D'Miessung vun der Sonnestralung geschitt iwwer Pyranometer, Pyrheliometer oder Sonneschäinautographe. D'Solarkonstant gëtt iwwer Radiometer gemooss.

Stralungsbilanz[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Stralungshaushalt vun der Äerd 

D'Temperatur vun der Äerduewerfläch gëtt global vun der Stralungsbilanz, dem Stralungshaushalt bestëmmt, domat gëtt d'Zesummewierke vun Absorptioun a Reflexioun souwéi Re-Emissioun a Streeung erfaasst.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sonnestralung – Biller, Videoen oder Audiodateien