Sophie Scholl - Die letzten Tage
Informatiounen zum Film
Nach kee Plakat do
| Filmdaten | ||
|---|---|---|
| Originaltitel: | Sophie Scholl - Die letzten Tage | |
| Produktiounsland: | Däitschland | |
| Produktiounsjoer: | 2005 | |
| Dauer: | 116 Minutten | |
| Originalsprooch: | Däitsch | |
| Equipe | ||
| Regie: | Marc Rothemund | |
| Dréibuch: | Fred Breinersdorfer | |
| Kamera: | Martin Langer | |
| Musek: | Reinhold Heil Johnny Klimek |
|
| Produzent: | Christoph Müller Sven Burgemeister Marc Rothemund Fred Breinersdorfer |
|
| Haaptacteuren | Julia Jentsch als Sophie Scholl Fabian Hinrichs als Hans Scholl Alexander Held als Robert Mohr |
|
| Filmportal - Film no Joren - Film no Länner | ||
Sophie Scholl - Die letzten Tage ass en däitsche Film vum Regisseur Marc Rothemund aus dem Joer 2005. De Film beschreift déi lescht Deeg aus dem Liewe vun der Sophie Scholl.
Inhaltsverzeechnes |
Ëm wat geet et am Film? [änneren]
Zesumme mat hirem Brudder Hans kämpft d'Sophie Scholl an der Resistenzgrupp Weiße Rose géint déi nationalsozialistesch Diktatur. No enger Fluchblataktioun op der Universitéit München am Februar 1943 ginn d'Geschwëster verhaft.
Deeglaang gëtt d'Sophie Scholl vum Gestapo-Mann Robert Mohr verhéiert, an ëmmer méi an d'Engt gedriwwen. Schliisslech mécht d'Sophie, andeems se probéiert déi aner Membere vun der Resistenzgrupp ze schützen, hiert Geständnes a bekennt sech houfreg zu hirer Dot. Och nach nodeems een hir ugebueden huet hiert Liewen ze retten, ännert si hir Meenung net...
Gielercher [änneren]
- Berlinale 2005
- Bescht Regie: Marc Rothemund
- Bescht Haaptduerstellerin: Julia Jentsch
- Präis vun der ökumenescher Jury
- Däitsche Filmpräis 2005
- Beschte Spillfilm a Sëlwer
- Bescht Haaptduerstellerin: Julia Jentsch
Op DVD [änneren]
De Film ass vun Warner Home Video op DVD publizéiert ginn.