Sosthène Weis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Sosthène Weis,gebuer den 29. Januar 1872 zu Mäerzeg, a gestuerwen den 28. Juli 1941 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler an Architekt.

Hien ass als romantesche Postimpressionist bekannt a war e Meeschter an der Aquarell-Technik an huet sech ausgezeechent duerch seng frësch Faarwe voller Variatioun, Faarwen, déi een dreeme loossen. Seng meescht Biller huet hien tëscht 1915 an 1941 gemoolt. Seng léifst Sujete waren d'Stad Lëtzebuerg an hir Faubourgen. Et gëtt geschat datt hien eng gutt 5.000 Biller gemoolt huet.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie war de Jong vum François Weis, deen eng Gierwerei mat Seeërei bedriwwen huet. No senger Première am Stater Kolléisch, wou deemools de Michel Engels enseignéiert huet, huet hien um Polytechnikum zu Oochen Bauingenieur studéiert[1] an zougläich an Architekturcourse gaangen, déi hie spéider zu München ofgeschloss huet. Zu München huet hien e puer Joer beim Architekt Hans Grässel (*1860 †1939) geschafft.

Zréck zu Lëtzebuerg gouf hien 1905 Staatsarchitekt genannt. Vun 1920 un huet hie fir d'Arbed geschafft, wou e sech haaptsächlech ëm de Bau vu Sozialwunnenge gekëmmert huet.

1902 huet hie sech mat der Marie Pütz bestuet, si kruten dräi Kanner

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Architekt[änneren | Quelltext änneren]

Den Aquarellist[änneren | Quelltext änneren]

Eng Auswiel vu sengen Aquarelle sinn an der Ofdeelung fir modern Molerei am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht ëffentlech zougänglech.

Nom Sosthène Weis benannt[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Philippart, R., 2007. Sosthène Weis (1872-1911). In (Ss. 84-85): Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8.
  • Dostert, Paul, 2003. Sosthène WEIS 1872-1941. In: 400 Joer Kolléisch Band II: 317-318. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes : illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, Ss. 173-174.
  • Kutter, Édouard jr (Hg), 1970. Promenade pittoresque au Grand-Duché de Luxembourg par Sostène Weis 1872-1941, Éditions Édourd Kutter, Lëtzebuerg.
  • Lorang, Antoinette, 1988, Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté: Späthistoristische Architektur in Luxemburg. Vol. CIII, PSH, S. 308.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Cf. Bréif vum Sosthène Weis u seng Elteren op der Websäit vun der Amicale des anciens étudiants d'Aix-la-Chapelle
  2. Deemools louchen déi Terrassen tëscht dem Pavillon Kind, der Pergola an dem grousse Concertssall.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sosthène Weis – Biller, Videoen oder Audiodateien