Soutane

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Soutane oder Zutan ass dat schwaarzt Gewand vu kathouleschen an anglikanesche Geeschtlechen. Virum Zweete Vatikanesche Konzil, vum 11. Oktober 1962 bis den 8. Dezember 1965, war d'Soutane d'Alldagskleedung vum kathoulesche Paschtouer. Nom Konzil gouf se ëmmer manner gedroen bis quasi net méi ugedoen - woubäi hautdesdaags jonk Geeschtlecher se deelweis nei entdecken an heiansdo erëm undoen.

D'Faarwe vun der Soutane sinn an der Kathoulescher Kierch festgeluecht[1]:

Zwee Kardineel an ee Bëschof
  • De Poopst: wäiss Soutane mat wäissem Zingulum (breede Rimm) a wäissem Pileolus (Käppchen, fr: Calotte)
  • De Kaploun vum Poopst: schwaarz Soutane mat move Knäpp a Knapplächer a movem Zingulum
  • Den Éireprelat vum Poopst an den Apostolesche Protonotär: schwaarz oder mov Soutane mat rubinroude Knäpp a Knapplächer a violettem Zingulum
  • De Kardinol: schwaarz oder rubinrout Soutane mat hellroude Knäpp a Knapplächer an hellroudem Zingulum, Mäntelchen a Käppchen oder Birett
  • De Bëschof: schwaarz oder mov (violett, purpur) Soutane mat rubinroude Knäpp a Knapplächer a movem Zingulum, Mäntelchen a Käppchen oder Birett

Referenzen [änneren]

  1. Instructio Ut sive sollicite vum 31. Mäerz 1969 iwwer d'Titelen an Insignie vu Kardineel, Bëscheef a Prelaten

Kuckt och [änneren]