Soweto

Vu Wikipedia
Shanty Town zu Soweto

Soweto (offiziell Kuerzform vun South Western Townships, "Südwestlech Faubourgen“) gouf 1963 gegrënnt als en Zesummeschloss vun enger 30 Townships am Südweste vun der südafrikanescher Industriemetropol Johannesburg.

Vun 1983 bis 2002 war Soweto eng eegenstänneg Stad. Zënter 2002 gehéiert et zu der Metropolgemeng City of Johannesburg.

Soweto gëllt zënter der Revolt zu Soweto, de 16. Juni 1976, als Symbol vun der Resistenz géint d'Apartheidsregime. Et waren dëst Protestdemonstratioune vu Schüler- a Studenten, déi géint eng Direktiv vun der Regierung manifestéiert hunn, déi virgeschriwen huet, datt d'Coursen an den ieweschte Schoulklasse just nach op Afrikaans an net méi op Englesch gehale solte ginn. Police an Arméi hunn op d'Manifestante geschoss, an et gouf iwwer 500 Doudesaffer. Zënter 1994 ass de Soweto Day en nationale Kommemoratiounsdag un déi Evenementer,

2011 hunn offiziell 1.271.628 Leit zu Soweto gewunnt (Vollekszielung 2011). Inofiziell gëtt awer vun3,5 Millioune Mënschen ausgaangen, déi op enger Fläch vun 130 km² liewen.

D'Nimm vun de ronn 30 Townships sinn, dem Alphabet no: Bram Fisherville, Chiawelo, Diepkloof, Dobsonville, Dlamini (och: Dhlamini), Dube, Jabavu, Emdeni, Jabulani, Killarney, Klipspruit, Mapetla, Meadowlands, Mofolo, Molapo, Moletsane, Moroka, Mzimhlophe, Naledi, Orlando, Phefeni, Phiri, Phomolong, Pimville, Protea, Protea Glen, Senaoane, Snake Park, Tladi, White City, Zola an Zondi.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Soweto – Biller, Videoen oder Audiodateien