Soziologie

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Soziologie ass eng Humanwëssenschaft, déi mat soziologesche Methoden d'soziaalt Zesummeliewen an der Gesellschaft an de sozialen Impakt op d'Virstellungen an d'Verhale vun de Mënschen erfuerscht.

Theme mat deene sech d'Soziologie beschäftegt: Aarbecht, Geschlecht, Sexualitéit, Migratioun, Relioun, Rassismus an nach méi. Speziell Soziologien hu sech fir all déi Beräicher entwéckelt.

De Begrëff Soziologie ass vum Emmanuel-Joseph Sieyès erfonnt ginn. E kënnt vum laténgesche Wuert socius dat "Gesell, Associé" heescht. Dee Begrëff gouf vum Auguste Comte populariséiert am Sënn vun enger Sozialphysik. Obwuel ee soe ka wéini dëse Begrëff fir d'éischt opgedaucht ass, fënnt een déi Forme vun Iwwerleeunge scho méi fréi bei verschidden Auteuren.

Et muss een d'Entwécklung vun der Soziologie an engem spezifeschen historesche Kontext gesinn, déi 3 Revolutiounen déi zur Institutionaliséierung vun där Disziplin gefouert hunn.

Pionéier[änneren | Quelltext änneren]

D'Etüd vun de Gesellschaften ass scho gemaach ginn ier d'Wuert erfonnt gouf. Déi grouss Denker hu sech zanter dem Altertum eng Fro iwwer déi aner gestallt. Déi Zort vun Iwwerleeunge fënnt ee beim Xenophon mat sengem Wierk Économique, beim Platon, beim Aristoteles mat senge Wierker Politik, Republik, Poetik an Organon, beim Zarathustra mat sengem Avesta. Den Herodot huet sech am 5. Joerhonnert viru Christus scho fir d'Egypter intresséiert.

An der arabescher Zivilisatioun huet den Ibn Khaldun a sengem Wierk Muqaddima d'Ereegnesser ënnersicht fir d'Ursaachen erauszefannen déi zum Ënnergank vun de verschiddenen arabeschen Dynastië gefouert hunn. Verschidde Leit gesinn hien als Papp vun der Soziologie.

An der Moderne fënnt een d'Humanwëssenschaften am Francis Bacon sengem Novum organum, an a senger Klassifikatiounstabell vun de Wëssenschaften. E gëtt den Humanwëssenschaften dee selwechten epistemologesche Status wéi den Naturwëssenschaften. Am 18. Joerhonnert, benotze verschidden Auteuren de physesche Modell vum Newton fir d'Gesellschaften ze beschreiwen. Hinnen no sinn d'Positiounen an d'Relatiounen zwëscht den Individuen duerch natierlech Gesetzer z'erklären. Ee vun den Auteuren deen een an deem Zesummenhang nenne kann, ass de Montesquieu mat sengem De l'esprit des lois, an deem hie virschléit eng induktiv a komparativ Method ze benotze fir erauszefanne wat fir eng Gesetzer een an de politesche Systemer erëmfanne kann.

Am Ufank vum 19. Joerhonnert entsteet d'Iddi vun enger « Sozialphysik », dat heescht vun engem Wëssen dat sou objektiv wéi méiglech ass. Deen éischten deen eng wëssenschaftlech Theorie vun der Soziologie virschléit ass de Saint-Simon (1760-1825). Hien nennt se Sozialphysiologie. Déi gehéiert zu enger genereller Physiologie déi sech ëm d'Etüd vun de kollektive Wiesen a vun hirer Organisatioun këmmert. D'Wuert Soziologie ass am Fong duerch e klenge Sträit entstanen. Den Auguste Comte war de Sekretär vum Saint-Simon vun 1817 bis 1823. Hie wollt déi Wëssenschaft vun der Gesellschaft iwwerhuelen ënner dem Numm vu Sozialphysik, mä well dee Begrëff scho vum Astronom a Statistiker Quételet benotzt gouf, huet en dat Wuert « Soziologie » erfonnt.

Als Pionéier vun der Soziologie gëtt och dacks den Alexis de Tocqueville (1805-1859) a seng Etüden iwwer d'franséisch Revolutioun (L'Ancien Régime et la Révolution) oder iwwer d'USA (De la démocratie en Amérique) genannt. Hien analyséiert Gesellschaften a vergläicht déi amerikanesch Gesellschafte mat den europäesche Gesellschaften.

D'Soziologie huet sech um Laf vum 20. Joerhonnert intensiv entwéckelt.

3 Revolutiounen[änneren | Quelltext änneren]

Déi grouss Verännerunge vum 19. Joerhonnert hunn d'Leit gezwongen dat wat si verbënnt z'iwwerdenken. D'Soziologie ass vun de Versich entstanen d'Gesellschaft ze verstoen. Et gëtt dräi Typpe vu Verännerungen: politesch, wirtschaftlech a wëssenschaftlech.

Fir d'alleréischt war Europa am 19. Joerhonnert politesch onstabil. Krich a Revolutioune markéieren dat Joerhonnert. D'Leit hu probéiert sech vun der Relioun ze léisen an hu sou hir Repèrë verluer. D'Gesellschaften hunn elo d'Méiglechkeet sech selwer ze definéieren, dat huet am Ufank zu ville Revendikatioune gefouert.

D'industriell Revolutioun huet och dozou gefouert datt d'Leit d'Gefill haten an enger neier Gesellschaft ze liewen. Déi Aarbechten déi de Papp virdru sengem Bouf bäibruecht huet, ginn elo vu Maschinnen iwwerholl. Do kennt nach dobäi datt mat der Migratioun vun de Leit vum Land an d'Stied déi traditionell Organisatiounsforme vun der Gesellschaft verluer ginn. D'Baueren déi Aarbechter ginn, liewen am materiellen an am moralesche Misär. Dat féiert zu individuelle Reaktioune wéi z. B. Déifstall.

D'Wierk vum Ferdinand Tönnies Communauté et société (1887) weist dee Broch vum 19. Joerhonnert. Hie beschreift engersäits den affektiven Aspekt vun der Gesellschaft deen d'Famill duerstellt, an anerersäits d'Iwwerflächlechkeet vun der Gesellschaft, charakteriséiert duerch utilitaristesch Bezéiungen.

D'Soziologie daucht also och op fir déi sozial Onrou z'erklären an ofzeschafen.

Den Ënnerscheed zwëscht Soziologie a politesche Rieden ass, datt Soziologie probéiert eng wëssenschaftlech Äntwert op déi Froen ze fannen. Mir gesinn effektiv, datt d'Wëssenschaft och eng Revolutioun duerchgemaach huet. Dat 19. Joerhonnert ass vum Positivismus markéiert. Biologie, Physik a Chimie hu vill Fortschrëtter gemaach. Si hunn zur industrieller Revolutioun bäigedroen andeems se duerch Technik de Liewensstil vun de Leit geännert hunn. Vill Soziologen iwwerhuelen de Modell vum Positivismus vun der Biologie oder vun der Physik fir hir Analysen. D'Fortschrëtter vun de Wëssenschafte beweisen also datt et méiglech ass op d'Welt anzewierken. D'Soziologen wëllen also duerch eng wëssenschaftlech Approche eng Léisung fanne fir déi Problemer déi sech am 19. Joerhonnert stellen. Dofir stelle s'eng Kritik vum moderne Sozialliewen op. Hir Iwwerleeunge sinn awer vu Land zu Land zimmlech ënnerschiddlech.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Soziologie – Biller, Videoen oder Audiodateien