Spacewatch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Zuel vu nei entdeckten Asteroide mat verschiddene Projete.

Spacewatch ass e Projet an der University of Arizona, deen op d'Observatioun vu Klengplanéite (Asteroide) a Koméite spezialiséiert ass.

D'Projet gouf 1980 vum Prof. Tom Gehrels an dem Dr. Robert McMillan, deen haut och Projetleeder ass, gegrënnt.

Fir d'Observatioun benotzt d'Projet en 0,9-Meter- an en 1,8-Meter-Spigelteleskop um Kitt Peak.

Duerch besser Kenntnesser iwwer Klengplanéite am Sonnesystem erhofft ee sech méi grouss Asiichte an d'Entwécklungsgeschicht vum Sonnesystem.

Entdeckunge [änneren]

Zu deene vum Spacewatch-Projet entdeckte Asteroide zielen ënner anerem déi äerdno Asteroide 1991 VG und 1997 XF11, die Zentauren (5145) Pholus, (7066) Nessus an (8405) Asbolus souwéi déi grouss Kuiperceinture-Objete (55637) 2002 UX25 an (20000) Varuna. Den Asteroid 719 Albert gouf vum Spacewatch zréckfonnt, nodeem hie fir bal 90 Joer verluer war. Och de periodeche Koméit 125P/Spacewatch gouf vun dësem Projet entdeckt.

Spacewatch huet och e neie Mound vum Jupiter fonnt. Säi Numm ass (Callirrhoe), a war ufanks fir en Asteroid gehale ginn.

Um Spaweck [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie