Spaghetti-Bam

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Spaghetti-Bam ass en erfonntene Bam, deen an engem Geck-Dokumentarfilm ("mockumentary") als Abrëllsgeck den 1. Abrëll 1957 vun der BBC gewise gouf.

De Film gouf an der Emissioun Panorama ausgestraalt, an huet gewisen, wéi am Kanton Tessin an der Schwäiz d'Spaghettie recoltéiert ginn. Ze gesi war, wéi Baierinne se vun de Beem gepléckt hunn, se gedréchent an owes - " 't geet näischt iwwer frësch selwergezillte Spaghettien" - zerwéiert hunn.

De bekannte Speaker Richard Dimbley huet de Commentaire dozou geschwat, huet verzielt, datt Bauere sech iwwer Spéitfrascht am Mäerz Suerge méichen, mä elo eng besonnesch gutt Recolte erwaarde géifen, an datt déi gläichméisseg Längt e Succès vu jorelaangen Ziichtunge wier.

Ongeféier 8 Millioune Leit hunn de "Reportage" gesinn; Honnerten hunn duerno ugeruff, fir ze froen, ob dat kéint sinn, oder, well se gär sou ee Bam kafe wollten. An den 1950er Jore ware Spaghettien an England nach eppes zimlech Exotesches, dat ee, wann iwwerhaapt, a Béchse mat Tomatenzooss kafe konnt.

Et gouf awer och vill iwwer de Film diskutéiert, well vill Leit sech vun der Televisioun "bedru" gefillt hunn a kritiséiert hunn, datt express Saachen, déi falsch sinn, als richteg gewise goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]