Spartoi

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Spartoi (gr. déi Geséiten) sinn an der griichescher Mythologie déi Zaldote genannt ginn déi aus dem Buedem gewuess sinn nodeems de Kadmos Draachenzänn geséit hat. Si hunn sech direkt bekricht, bis der nach just fënnef vun hinnen iwwreg bliwwe sinn: den Echion, den Udaios (och: Udeus), de Chthonios, den Hyperenor an de Pelor. Si hunn zesumme mam Kadmos Theben gegrënnt a waren d'Grënner vun de fënnef bedeitendste Famillje vun der Stad.

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.