Special Olympics Luxembourg

Vu Wikipedia
Special Olympics Luxembourg
Grënnungsdatum 09.02.1979
(ASBL 26.10.1979)
Sëtz Centre sportif du Deich
L - 9012 Ettelbréck
President Roberto Traversini[1]
Generalsekretär Jérôme Charpentier[1]
Tresorier Frenz Majchrzack[1]
Member vu(n) COSL,
Websäit www.specialolympics.lu

Special Olympics Luxembourg, mat der offizieller Bezeechnung ALPAPS-Special Olympics Luxembourg, association luxembourgeoise pour la pratique des activités physiques et sportives des enfants et des personnes déficientes intellectuelles[2], ass den nationale Sportsverband zu Lëtzebuerg vu Special Olympics International, der weltwäit gréisster Sportbeweegung fir Leit déi eng geeschteg oder eng méifach Behënnerung hunn.

Special Olympics ass den 9. Februar 1979 gegrënnt an de 26. Oktober vum selwechte Joer am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn.

D'Federatioun huet hire Sëtz zu Ettelbréck an ass Member vum COSL a vun de Special Olympics International.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Se gouf 1979 zu Capellen ënner dem Numm „ALPAPS - Sport mat Suergekanner“ (Association luxembourgeoise pour la pratique des activités physiques et sportives des personnes inadaptées et handicapéées mentales) gegrënnt.

Wéinst enger Decisioun vun der internationaler Special Olympics Federatioun vun 2016, muss et eng gewësse Rotatioun bannent dem Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Federatioun ginn[3]. Fir iwwerhaapt nach eng international Akkreditatioun ze kréien, goufen d'Statutte vum Lëtzebuerger Verband deementspriechend ugepasst. Absënns gouf festgehalen, datt d'Dauer vum Mandat am Comité héchstens néng Joer (3 Mandater × 3 Joer) daueren däerf.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Zweck a Missioun vun der Federatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Ziler vun der Federatioun begräifen:

  • d'Verbreede vu physeschen a sportlechen Aktivitéite fir all Leit mat enger intellektueller Behënnerung
  • d'Organisatioun vun nationalen an internationale Sportsevenementer fir de d'Ausübe vum Behënnertesport ze fërderen
  • d'Organisatioun vu Fortbildungscoursen, Konferenzen, asw. fir Leit déi sech fir de Behënnertesport interesséieren
  • d'Ausschaffe vun Turn- a Sportprogrammer fir Leit mat enger geeschteger Behënnerung
  • d'Zesummenaarbecht op nationalem an internationalem Plang mat Associatiounen, Federatiounen, asw. déi en änleche But verfollegen.

D'Missioun vun der Federatioun ass et fir all geeschteg behënnerter Persoun vun 8 Joer un d'Méiglechkeet ze bidden, e passende Sport auszeüben a reegelméisseg un Trainingen deelzehuelen. Do dernieft strieft se déi bescht Entwécklung vun der geeschteg behënnerter Persoun un a sensibiliséiert hiren Entourage. De Sport gëtt als Mëttel fir déi sozial Unerkennung benotzt.

D'Federatioun betreit iwwerdeems och déi lëtzebuergesch Athleeten déi bei de Special Olympics World Games matmaachen.

De President vu Special Olympics ass zënter 2023 de Roberto Traversini.

Fréier Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1979 - 2000 Roger Linster
  • 2000 - 2003 Marc Feltgen
  • 2004 - 2010 Anik Sax
  • 2010 - 2023: Pascale Schmoetten

Sportaarten[änneren | Quelltext änneren]

Participatioun un de Special Olympics World Games[änneren | Quelltext änneren]

Am Ganzen huet Lëtzebuerg 22 Medaile gewonnen, dovu 5 Goldmedailen[4].

Bei der 2023er Editioun ass déi lëtzebuergesch Delegatioun, déi aus 42 Persoune bestoung, virun de Spiller am Kader vum Host Town-Programm vun den zwou Gemenge Kalletal a Lemgo aus Nordrhein-Westfale betreit ginn. D'Lëtzebuerger hu fënnef Gold-, fënnef Sëlwer- a siwe Bronzemedaile gewonnen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 (fr)Special Olympics Luxembourg - Organisation. www.specialolympics.lu. Gekuckt de(n) 2023-12-24.
  2. Esou am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F43 agedroen
  3. (lb)Bilan Special Olympics: Federatioun finanziell gesond, ëmmer nei jonk Athleten. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-12-24.
  4. (lb)Wanterspiller Special Olympics: Lëtzebuerger zefridden. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-12-24.