Spektralklass

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Spektralklass an der Astronomie ass eng Klassifikatioun vun de Stären nom Ausgesi vun hirem Spektrum.

D'System berout op der Entdeckung vum Joseph von Fraunhofer am Joer 1813, datt am Sonnespektrum donkel Absorptiounslinnen ze gesi waren. De Robert Wilhelm Bunsen an de Gustav Robert Kirchhoff hunn 1859 dunn entdeckt, datt déi Linne vun der Lag hier identesch si mat Emissiounslinnen, déi vu bestëmmte chemeschen Elementer fortginn.

De Schluss louch no, datt dës Elementer och an der Sonn miste sinnn. D'Spektralanalys war gegrënnt. Nieft der Analys vu Materialien op der Äerd, konnten sou och Stärespektren analyséiert ginn.

Et besti folgend siwe Grondklassen an dräi Ënnerklassen:

Klass Charakteristik Faarf Temperatur a K Mass an MO Beispillstären
O Ioniséierten Helium (He II) blo 30000–50000 60 Mintaka (δ Ori), Naos (ζ Puppis)
B Neutralen Helium (He I)
Balmer-Serie Waasserstoff
blo-wäiss 10000–28000 18 Rigel, Spicahalio
A Waasserstoff, Calcium (Ca II) wäiss (liicht blozeg) 7500–9750 3,2 Vega, Sirius
F Calcium (Ca II), Optriede vu Metaller wäiss-giel 6000–7350 1,7 Procyon, Canopus
G Calcium (Ca II), Eisen an aner Metaller giel 5000–5900 1,1 Capella, Sonn
K Staark Metalllinnen, spéider Titanoxid orange 3500–4850 0,8 Arcturus, Aldebaran
M Titanoxid rout-orange 2000–3350 0,3 Betelgeuse, Antares, Kapteyns Stär
Brong Zwerge
L rout 1300–2000 VW Hyi
T rout (Maximum an Infrarout) 600–1300 ε Ind Ba
Y Infrarout 200–600 WISEP J041022.71+150248.5
Kuelestoffklass vun de roude Risen (soug. Kuelestoffstären)
R Cyan (CN), Kuelemonoxid (CO), Kuelestoff rout-orange 3500–5400 S Camelopardalis, RU Virginis
S Zirkonoxid rout-orange 2000–3500 T Camelopardalis, U Cassiopeiae
N Kuelestoff rout 1900–3500 R Leporis, Y Canum Venaticorum, U Hydrae

Et huet sech agebiergert, d'Spektralklassen O bis A als fréi Spektralklassen, d'Spektralklassen F bis G als mëttel Spektralklassen an déi iwwreg Spektralklassen als spéit Spektralklassen ze bezeechnen. D'Bezeechnunge fréi, mëttel a spéit entstamen aus der iwwerliefter Meenung, d'Spektralklass géif eppes iwwer d'Entwécklung vum Stär aussoen. Trotz där falscher Andeelung sinn déi Bezeechnungen nach haut am Gebrauch.

D'Spektralklasse mat hire siwe Grondtypen (O, B, A, F, G, K, M) maache ronn 99% vun alle Stären aus, woufir déi aner Klassen dacks vernoléissegt ginn. Als Mierksaz fir déi Spektralklassen déngt de Saz:

"O Be A Fine Girl Kiss Me (Right Smack Now)": O B A F G K M (R S N) 

oder och

Offenbar Benutzen Astronomen Furchtbar Gerne Komische Merksprüche“: O B A F G K M. 
Oh, Bei Allen Fixsternen Gibt's Kennzeichnende Merkmale“: O B A F G K M. 

Folgend Klasse loosse sech an d'Sequenz net anuerdnen:

Q Novae
P Planetareschen Niwwel
W Wolf-Rayet-Stär
WN Stéckstofflinnen
WC Kuelestofflinnen

Ausserdeem ka Besonnesches am Spektrum duerch Zousätz erkenntlech gemaach ginn:

c besonnesch schaarf Linnen
g normale Ris
d Zwergstär (Haaptrei; engl. dwarf)
sd Ënnerzwerg (engl. sub dwarf)
w Wäissen Zwerg
n, nn diffus Linnen
s schaarf Linnen
e, em Emissiounslinnen
p, pec Besonnesches bei Linnenintensitéit (engl. peculiar)
m staark Metalllinnen
comp zesummegesate Spektrum
v, var variabele Spektrum

Deelweis ginn déi Zousäz duerch d'Deklaratioun vun der Liichtkraaftklass, déi 1943 vum William Wilson Morgan a Philip Keenan agefouert goufen ( MK-System), iwwerflësseg. De Pickering huet am Joer 1890 ugefaangen, d'Klassifikatioun zesumme mat der Williamina Fleming, Antonia Maury an Annie Jump Cannon ze beaarbechten. Dobäi goung de Pickering alphabetesch vir an huet d'Klasse mat Groussbuschtawe vun A bis Z zortéiert.

D'Annie Jump Cannon stellt séier fest, datt d'Reiefolleg net sënnvoll war. No der Ofstufung koumen déi blo-wäiss liichtend, ganz waarm O-Stäre no de rouden, relativ killen M- an N-Stären.

Weider huet sech heraus gestallt, datt e puer vun de Klassen nëmmen op Beliichtungsfeeler berout hunn, oder kee Sënn haten an dofir ewechfale konnten. D'Ofstufung gouf net méi vum Spektrum, mä vun der Stärentemperatur ofhängeg gemaach.

Éischt Versich, Uerdnung an d'Hellegkeet a bei den Temperature vun de Stären ze bréngen, hat am Joer 1865 den italienesche Pater Angelo Secchi mat enger dräistufeger Skala ënnerholl an 1874 den Hermann Carl Vogel mat engem System, an dat och déi bis dohi bekannt Stärenentwécklungstheorien agefloss waren, wat zu stännegen Ännerunge gefouert huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Carlos Jaschek, M. Jaschek: The classification of stars, Cambridge: Cambridge University Press, 1987
  • Schmidt-Kaler, Theodor (1982): Physical Parameters of Stars in: Landolt-Börnstein New Series, Vol. 2b, ed. K. Schaifers & H.H. Voigt (New York:Springer)
  • Garrison, R.F.: The MK Process and Stellar Classification in R.F. Garrison, ed., The MK Process and Stellar Classification. Proceedings of the Workshop in Honor of W.W. Morgan and P.C. Keenan, held at the University of Toronto, Canada, June 1983 (U. of Toronto, 1984).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]