Spektroskop
E Spektroskop ass en optescht Instrument, mat deem d'Liicht a säi Spektrum zerluecht gëtt a visuell ënnersicht ka ginn. Gëtt d'Liicht op en Empfänger geleet (Fotoplack, CCD-Sensor asw.), schwätzt ee vun engem Spektrometer.
Ee moderne Spektroskop huet en Agank-Schlitz, en Objektiv an en Amici Prisma aus Glas (oder en entspriechend Gitter). An d'Gesiichtsfeld gëtt meeschtens och eng Wellelängtskala agespigelt. Déi modern, bal ganz riicht Form krut de Spektroskop duerch den Angelo Secchi SJ ëm 1870.
Besonnesch villsäitege Gebrauch fannen d'Spektroskope an der Astronomie. Duerch d'Observatioun vum Spektrum an der Bestëmmung vun der Spektralklass vu Stären, Galaxien oder aneren Himmelskierper loosse sech e puer vun hiren Eegeschafte bestëmmen – z. B. chemesch Zesummesetzung, Temperatur, Rotatioun oder Magnéitfelder.
D'Spektroskopie gouf vum däitschen Optiker Joseph von Fraunhofer, deen 1814/15 donkel Spektrallinnen am Sonnespektrum entdeckt hat, erfonnt. Weider Zeeche vum 19. Joerhonnert op dem Wee zu der moderner Astrophysik waren:
- 1858 d'Entwécklung vun der Spektralanalys duerch de Gustav Robert Kirchhoff an de Robert Bunsen,
- 1868 déi stellar Kosmologie, éischt Entdeckung vum Stär γ CVn am Stärebild Canes Venatici (Juegdhënn), deen amgaang as ze stierwen. Den Entdecker war den Angelo Secchi (Vatikan-Observatoire). De Stär läit op enger Distanz vu 400 Liichtjoer;
- 1885 d'Seriëgesetz vum Johann Jakob Balmer fir d'Spektrallinne vum Waasserstoff, an
- 1896 dem Pieter Zeeman seng Entdeckung vum Opsplécke vun de Spektrallinien, wann d'Stären e staarkt Magnéitfeld hunn (Zeeman-Effet).
- 1913 d'Hertzsprung-Russell-Diagramm, dat den Zesummenhang tëschent der Liichtkraaft vum Stär a sengem stellare Spektraltyp duerstellt.
- D'Routverrécklung entdeckt ëm 1930 vum Edwin Hubble.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Spektroskopie – Biller, Videoen oder Audiodateien |