Spärwandler

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sperrwandler)

E Spärwandler (engl.: Flyback-Converter) gëtt fir d'Iwwerdroe vun elektrescher Energie benotzt a gehéiert zu der Famill vun de Schaltnetzdeeler. De Spärwandler ass e Gläichspannungswandler (DC-DC-Converter). Seng Virdeeler leie, wéi bei alle Schaltnetzdeeler, bei der Produktioun vun enger konstanter Ausgangsspannung, déi een, wéi ee wëllt, erop- oder eroftransforméiere kann.

Funktiounsweis[änneren | Quelltext änneren]

Prinzipschaltung vun engem Spärwandler

Bei de Spärwandler gëtt d'Netzwiesselspannung als éischt gläichgeriicht a glatgemaach. D'Gläichspannung gëtt duerno mat engem séieren elektronesche Schalttransistor a Stécker gehaen (bei enger Frequenz vun zirka f=20 Hz bis 200 kHz). Doduerch entsteet un der Spull vum Transformator eng Rechteckspannung mat engem bestëmmten Taaschtverhältnis. D'Gréisst vum Taaschtverhältnes bestëmmt d'Gréisst vun der Gläichspannung un der Sortie vum Schaltnetzdeel. D'Spärwandlerspannung gëtt dann iwwer de Wandlertransformator ëmgewandelt a duerno iwwer de sekundäre Eeweegläichriichter mat Glättungskondensator un de Laaschtwidderstand weiderginn.

Leetphas vum Schalttransistor[änneren | Quelltext änneren]

Wärend der Leetphas vum Schalttransistor gëtt magnéitesch Energie am Transformator gespäichert. De Stroum an der Primärwécklung klëmmt linear erop, well d'Stroumstäerkt duerch eng Spull wéinst der Géigeninduktioun net sprongaarteg klamm kann. Well d'Sekundärwécklung géigesënneg gewéckelt ass, huet d'Anod vun der Diod negatiivt Potential: d'Diod ass gespaart. Et kann deemno sekundärsäiteg kee Stroum fléissen. Gouf de Kondensator virdrun awer opgelueden, liwwert en dem Laaschtwidderstand wärend dëser Spärphas déi noutwenneg Energie.

Spärphas vum Schalttransistor[änneren | Quelltext änneren]

Wärend der Spärphase vum Schalttransistor gëtt an der Sekundärwécklung duerch den Ofbau vum Magnéitfeld eng Spannung an ëmgedréiter Richtung induzéiert. Doduerch kann d'Diod leeden. Déi am Transformator gespäichert magnéitesch Energie gëtt un de Kondensator an un de Laaschtwidderstand weiderginn.

De Stroum fléisst also wärend der Spärzäit vum Transistor an de Laaschtkrees. Well nëmmen Energie wärend der Spärphas an de Sekundärkrees weidergi gëtt, nennt een dëst Schaltnetzdeel Spärwandler.

Am Allgemenge gi Laaschtännerungen am Spärwandler duerch Frequenzännerungen an duerch Ännerunge vum Taaschtverhältnes ausgereegelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Flyback converters – Biller, Videoen oder Audiodateien