Spica (Stär)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Spica)
Kaart vum Stärebild Virgo (Jongfra). Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer.

De Spica (lat. "Kar,Kuer") ass de Stär α Virginis, den hellste Stär am Stärebild Jongfra. Aner Nimm sinn: Azimech, Alaraph.

De Spica ass e Bedeckungsverännerleche vum Typ Algol. Seng Hellegkeet verännert sech mat enger Period vu 4,0142 Deeg tëscht + 0,92 mag a + 0,98 mag. Déi kleng Hellegkeetsvariatioun ass visuell praktesch net feststellbar.

De Spica kann als ekliptiknoe Stär, vum Äerdmound, a ganz rar, vu Planéite bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung vum Spica duerch e Planéit war den 10. November 1783 duerch d'Venus, déi nächst kënnt den 2. September 2197 erëm duerch d'Venus.[1].

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie