Spider-Man

Vu Wikipedia
Spider-Man
Createur Stan Lee
Ass en(g) Comicfigur
Geschlecht männlech
Gebuer Queens
Aktivitéit Fotograf, Wëssenschaftler, Enseignant, Superheld, Erfinder
Ausgesinn
Hoerfaarf schwaarz
Gréisst 178 m
Gewiicht 67 kg
Universum
Aus Marvel Universum
Present am Spider-Man

De Spider-Man ass eng Comicfigur vu Marvel Comics.[1] Et ass eng vun de wichtegsten an erfollegräichste Comicsfigure vu Marvels. Engersäits ass et e Superheld mat spezielle Fäegkeeten, zum aneren huet hie mat de Problemer vum alldeegleche Liewen ze kämpfen.

Geschicht vun der Publikatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Peter Parker, och bekannt ënnert dem Numm Spider-Man, ass e Superheld am Universum vum Marvel Comics Verlag. De Spider-Man gouf vum Schrëftsteller Stan Lee a vum Kënschtler Steve Ditko kreéiert an ass fir d'éischte Kéier am Comicbuch Amazing Fantasy N°15, 1962 opgedaucht.

A Frankräich ass de Spider-Man fir d'éischt Kéier am Mee 1969 an der Nummer 4 vun der Zäitschrëft Fantask erauskomm. Dat ass déi éischt Iwwersetzung vun der éischter Nummer vu The Amazing Spider-Man vun 1963. Seng Originnen, déi ee Joer virdrun am Amazing Fantasy Nummer 15 erauskoumen, sinn eréischt 1980 an engem Album vun Iron Man dee vun Arédit/Artima editéiert gouf, op Franséisch publizéiert ginn.

Bei senger éischter Apparitioun am Amazing Fantasy, fënnt de jonke Peter Parker, nodeems hie vun enger radioaktiver Spann gebass gouf, eraus, datt hien doduerch Superkräften entwéckelt huet. De Succès vun där Nummer huet als Folleg datt de Spider-Man eng eege Serie kritt, The Amazing Spider-Man.

De Spider-Man ass zënter enger Zäit eng vun de beléiftste Comicfiguren. Iwwer de Jore sinn him och aner Zäitschrëfte consacréiert ginn, wéi Spectacular Spider-Man a Peter Parker, de Spider-Man, mä The Amazing Spider-Man bleift d'Haaptzäitschrëft vum Held. De Peter Parker stierft an der Nummer 700 vum The Amazing Spider-Man, mä en neie Spider-Man iwwerhëlt seng Roll, de Geescht vum Dokter Oktopus besetzt de Kierper vum Peter Parker. Een Deel vum Peter bleift lieweg a koexistéiert mam Geescht vum Oktopus a sengem eegene Kierper.[2]

Urspronk[änneren | Quelltext änneren]

Den Urspronk vum Spider-Man ass komplex a vill Leit wéi den Joe Simon, C. C. Beck, Jack Kirby, Stan Lee a Steve Ditko waren un der Kreatioun vum Spider-Man bedeelegt. Ursprénglech huet de Joe Simon 1953 fir den Editeur Harvey Comics e Superheld mam Numm "Spider-Man" geschaf. Hien huet och de Logo gezeechent an dem C.C.Beck proposéiert, d'Serie ze molen. Den Editeur war domat awer net averstanen, an d'Serie gouf gestoppt. De Joe Simon huet 1959 dem Jack Kirby proposéiert mat him zesummen ze schaffe fir MLJ an huet him den Dossier „Spider-Man“ iwwerdroen. De Simon an de Kirby hunn op Basis vun deenen Notizen The Fly geschaf, ma schonn no der 2. Nummer hu si den Editeur vderlooss 4. De Jack Kirby huet du fir Marvel Comics geschafft, wou hien 1961 dem Stan Lee proposéiert huet, en neie Superheld ze erschafen, de Spider-Man, inspiréiert vun The Fly. De Steve Ditko huet sech em d'Tënt gekëmmert an der Serie, déi de Kirby gezeechent huet. De Stan Lee huet decidéiert, d'Originnen an d'Muecht vum jonke Superheld zeréckzehuelen an dem Ditko d'Zeechnen uvertraut.

De Peter Parker alias Spider-Man[änneren | Quelltext änneren]

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Peter Parker ass deen eenzege Jong vum Mary a Richard Parker. Wéi e sechs Joer hat, goufe seng Elteren, déi fir d'Regierung geschaf hunn, bei engem Undercover-Asaz ëmbruecht. Dem Peter säi Monni a seng Giedel, de Benjamin an d'May Parker, goufe seng Momperen. Enges Daags, no engem Experiment, ass de Peter vun enger radioaktiver Spann gebass ginn. Dëse Bass huet him Kraaft ginn: Hie krut extra vill Kraaft an d'Fäegkeet, Maueren erop ze kloteren an e Sënn, deen hie vu Gefore warnt. Am Ufank benotzt hie seng nei Muechte fir Suen ze maachen. Mä en Drama verännert säi Liewen: Hie léisst en Déif entwëschen, obwuel hien e ganz einfach hätt kënnen ophalen. Kuerz duerno gëtt säi Monni Ben duerch en Abriecher ëmbruecht. De Peter sicht de Mäerder, deen nodeems hie festgeholl ass, sech als den Déif entpuppt, deen de Peter lafe gelooss huet. Vun deem Ament u kämpft de Peter géint d'Verbriechen. Fir fir sech a seng Tatta opkommen ze kënnen, a seng Schoulkäschte kënnen ze bezuelen, muss de Peter séier eng Aarbecht fannen. Nodeems hien net an d'Equipe vun de Fantastic Four integréiert ginn ass, huet hien d'Iddi Fotoe vun sech selwer ze maachen am Gezei vum Spider-Man, déi hien da verschiddene Zeitunge verkeeft. Bei där Geleeënheet gëtt hie vum J. Jonah Jameson, dem Besëtzer vum Daily Bugle entdeckt, deen hien als onofhängege Fotograf a säi Betrib hëlt. D'Personal vun der Zeitung, spillt eng grouss Roll am Spider-Man senger Carrière.

Charakteren[änneren | Quelltext änneren]

Spider-Man huet vill Charakteren déi an de Comics ageféiert ginn, déi wichteg si fir seng Geschicht. Wéi schoun ernimmt, gëtt de Spider-Man vu senger Tatta May Parker a sengem Monni Ben erzunn, nom Ben sengem Doud sinn de Peter a seng Tatta ganz enk mateneen. De J.Jonah Jameson ass dem Peter Parker säi Chef a e Kritiker vum Spider-Man, de Robbie Robertson, trotz senger Roll als Redakter vum Jameson, ass hien ëmmer als Supporter vum Peter Parker a Spider-Man duergestallt. Den Eugène „Flash“ Thompson ass duergestallt wéi dem Peter Parker säi Schoulfeind, mä spéiderhin an de Comics gëtt hien e Frënd vum Peter. De Harry Osborn ass am Allgemengen als dem Peter säi beschte Frënd duergestallt, mä hien ass heiansdo als säi Rival representéiert an de Comics. Dem Peter Parker seng romantesch Interesse variéiert tëscht senger éischter Léift, dem Liz Allan, zu sengem éischte Rendez-vous mam Betty Brant. No sengem Enn mam Betty Brant, verléift de Peter sech a seng Unifrendin Gwen Stacy, Duechter vum Kapitän vum New York City Police Departement. D'Gwen a säi Papp gi spéiderhi vu Feinde vum Spider-Man ëmbruecht. D'Mary Jane Watson gëtt schliisslech dem Peter Parker seng bescht Frëndin an da seng Fra. D'Felicia Hardy, d'Black Cat, war dem Spider-Man seng Frëndin a Partnerin.

Geheim Identitéit[änneren | Quelltext änneren]

Dem Peter Parker fält et schwéier dass seng geheim Identitéit net opgedeckt gëtt, duerch den Drock vun der Police, der ëffentlecher Meenung, seng Frëndinne Mary Jane a Gwen Stacy, seng Tatta May a d'Krimineller déi hie wärend sengen Abenteuer begéint.

Virun dass seng geheim Identitéit ëffentlech entpuppt ginn ass, hunn vill Leit scho vu sengem Duebelliewe gewosst, wei zum Beispill d'Mary Jane Watson, néng vu senge Feinden, de Harry Osborn, den Dokter Octopus, Wolverine, Daredevil, an nach puer anerer.

Dem Spider-Man säi Ruff ass séier gewuess, an hien huet géint vill Supervilains gekämpft, dorënner, de Dokter Octopus, Sandman, Mysterio, Green Goblin a Kraven the Hunter. Kuerz duerno hunn vill vun dëse Kriminellen hir Opmierksamkeet op de Spider-Man gesaat. Exklusiv, verkeeft de Spider-Man seng Fotoe vun de Kämpf fir senger Tatta mat de Suen ze hëllefen. De Jameson benotzt dës Biller fir d'Bild vum Spider-Man ëffentlech unzegräifen. Mä, hien ass net fäeg de Ruff vum Spider-Man dauerhaft ze zerstéieren. Mat deem neie Vertrauen datt seng geheim Identitéit him ginn huet, huet de Peter ugefaangen sech ze veränneren an ass nemei de schwaache Peter. Hien geet mat der Sekretärin vum Daily Bugle aus, Betty Brant, e schéi Meedchen. Nodeems de Brudder vum Betty, de Bennett Brant ermort gi war vum Blackie Gaxton, versteet de Peter d'Dreeung, di de Spider-Man fir di wou hie gär huet duerstellt.

Och wann de Spider-Man vill Feinden hat, sou hat hien awer eng grouss Zuel vun Alliéierten. Wärend all sengen Abenteuer, huet hien aner Helde kennegeléiert, déi seng Frënn a Verbündete ginn, wéi Daredevil, X-Men, Fantastic Four, Doctor Strange a Captain America. Am Géigesaz zu der ëffentlecher Meenung, vertraut d'Superhero Gemeinschaft dem Spider-Man, soudatt wann eng Gefor vun universeller Uerdnung opdaucht wei de Thanos, de Magus oder d'Gëttin, da gëtt de Spider-Man geruff.

Kulturellen Afloss[änneren | Quelltext änneren]

Den Emfank[änneren | Quelltext änneren]

Spider-Man gouf als Nummer 1 Superheld deklaréiert an der Bravo's Ultimate Super Heroes, Vixens a Villains TV-Serie am Joer 2005. Den Empiremagazinn huet de Spider-Man als déi fënneftgréisst Comic Buchfigur placéiert op hirer Websäit. Am Joer 2011 ass de Spider-Man als drëtte vun den IGN's Top 100 Comic Buch Helden of all time placéiert ginn hannert den DC Comic Charaktere Superman a Batman a sechsten an der 2012 Lëscht vun „The Top 50 Avengers“. 2014 huet IGN de Spider-Man als de gréisste Marvel Comic Charakter of all time. Den IGN beschreift hien als de "common everyman"deen vill normal Leit representéiert, awer ervirhieft och seng Besonneschkeet, am Verglach zu ville top-tiered Superhelden mat senge villen Onperfektiounen als Superheld. Den IGN huet festgehalen datt trotz een vun de trageschsten Superhelden ass hien ee vun de sympatheschste Superhelden a ee vun den houfregsten a léiwen Helden an der Existenz.[3] Den Empire Magazin lueft datt trotz de villen Tragedien déi de Spider-Man erlieft, hie säin Humor mat sengen drolegen a geckege Bemierkungen hält.

De George Marston vun Newsarama huet dem Spider-Man seng Ufanksgeschicht wéi déi gréisste Urspronksgeschicht beschriwwen a ernimmt datt dem Spider-Man säin Urspronk all di klassesch Aspekter vum Pathos, Tragedie a wëssenschaftleche Wonner kombinéiert, déi d'perfekte Mëschung fir en Superheld Urspronk sinn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.marvel.com marvel.com Gekuckt den 23.12.18
  2. Aurélia Vertaldi, «  » [archive], sur lefigaro.fr, 28 décembre 2012, consultéiert den 21.12.2018.
  3. https://www.ign.com/lists/comic-book-heroes/3 Consultéiert den 22.12.18