Spigelreflexfotoapparat

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schema vun engem analoge Klengbild-Spigelreflexfotoapparat mat engem Objektiv
Schema vun engem analoge Klengbild-Spigelreflexfotoapparat mat engem Objektiv

E Spigelreflexfotoapparat ass e Fotoapparat, bei deem iwwer e Spigel d'Fotomotiv ze gesinn ass.

Klengbild-Spigelreflexfotoapparat[änneren | Quelltext änneren]

Deen éischte Klengbild-Spigelreflexfotoapparat iwwerhaapt war de Modell "Kine Exakta" aus dem Joer 1936 vun "Ihagee" vun Dresden. De Spigel klappt erop, wann den Ausléiser gedréckt gëtt a léisst sou d'Liicht, dat duerch d'Lënsen erakënnt, op de liichtempfindleche Film duerch, dee sou beliicht gëtt.


Mëttelformat-Spigelreflexfotoapparate mat zwéin Objektiven[änneren | Quelltext änneren]

Eng Mëttelformat-Spiegelreflex huet op der viischter Säit zwéin Objektive mat der selwechter Brennwäit. Duerch dat ënnescht Objektiv, an deem den Zentralverschloss ass, gëtt de Rollfilm beliicht. Dat iewescht Objektiv déngt dozou, fir schaarfzestellen. Dobäi ass d'Bild säiteverkéiert iwwer e Schachtsucher op enger Schaarfstellscheif ze gesinn. Normalerweis ass d'Sucherobjektiv méi liichtstaark a méi bëlleg fabrizéiert.

Typesch Beispiller vun deem System sinn d'Rolleiflex an hir méi bëlleg Sëschter d'Rolleicord vun der Braunschweiger Firma Franke & Heidecke, vu Mamiya de Modell Mamiya C330 an dee méi einfache Modell Mamiya C220. E beléifte Modell zu Lëtzebuerg war vu Yashica d'Mat 124 G.

Weider Mëttelformat-Spigelreflexe mat zwéin Objektiver:

  • Voigtländer Superb (1935)

Mëttelformat-Spigelreflexfotoapparate mat engem Objektiv[änneren | Quelltext änneren]

D'Rollei SLX
Eng Hasselblad C500

Déi am meescht bekannte Modeller sinn déi vun der schweedescher Firma Hasselblad.

Weider Mëttelformat-Spigelreflexen:

  • Asahi Pentax 6x7 (6 x 7)
  • Asahi Pentax 67
  • Asahi Pentx 67 II
  • Exakta 66
  • Fuji GX-680 II
  • Fuji GX-680 III
  • Kiev 60 TTL
  • Kiev 80
  • Kiev 88 TTL
  • Kiev 88 CM
  • Kiev CM TTL
  • Kiev 90
  • Kowa SIX
  • Kowa Super 66
  • Mamiya RB67 Pro (6 x 7)
  • Minolta Autocord (24 verschidde Varianten tëscht 1955 an 1966)
  • Pentacon six TL
  • Rolleiflex SL 66
  • Rolleiflex SLX
  • Zenza Bronica SQAi (6 x 6)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SLR cameras – Biller, Videoen oder Audiodateien