Spiller vun de klenge Länner

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Spiller vun de klenge Länner (JPEE) ass ee Multisportevenement un deem déi klengste Staate vun Europa deelhuelen. Dës Spiller gi vun den Nationalen Olympesche Komiteeë (NOK) vun 8 europäesche Klengstaaten organiséiert a fannen zënter 1985 all 2 Joer statt.

Inhaltsverzeechnes

Startberechtegung [änneren]

Fir kënne bei de Spiller mat ze maachen, mussen d'Länner een onofhängegen NOK hun, an Europa leien a manner wéi eng Millioun Awunner hunn. Folgend Länner hu manner wéi eng Millioun Awunner:

Land Awunnerzuel Umierkung
Flag of Cyprus.svg Zypern 788.000 zënter 1985 dobäi
Flag of Montenegro.svg Montenegro 618.000 zënter 2006 onofhängeg mee nach net deelgeholl
Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg 470.000 zënter 1985 dobäi
Flag of Malta.svg Malta 401.000 zënter 1985 dobäi
Flag of Iceland.svg Island 316.252 zënter 1985 dobäi
Flag of Andorra.svg Andorra 82.600 zënter 1985 dobäi
Flag of the Faroe Islands.svg Färöer 48.100 nach keen onofhängege Staat
Flag of Liechtenstein.svg Liechtenstein 35.800 zënter 1985 dobäi
Flag of Monaco.svg Monaco 32.500 zënter 1985 dobäi
Flag of San Marino.svg San Marino 29.000 zënter 1985 dobäi
Flag of the Vatican City.svg Vatikanstad 803 net dobäi well keen NOK

Disziplinnen [änneren]

Bei de Spiller vun de klenge Länner gëtt et eng variabel Zuel vun Disziplinnen. Bei de Spiller vun de klenge Länner 2009 zu Zypern gëtt et déi heiten: Basketball, Beach-Volleyball, Dëschtennis, Judo, Liichtathletik, Mountainbike, Segelen, Schéissen, Schwammen, Tennis, Turnen a Volleyball.

Wou se ausgedroe ginn [änneren]

Éiwege Medailespigel [änneren]

Spiller vun de klenge Länner
Éiwege Medailesspigel
(Stand: 3. Juni 2009)
Plaz Land Gold Sëlwer Bronze Total
1 Flag of Iceland.svg Island 352 249 236 837
2 Flag of Cyprus.svg Zypern 326 279 254 859
3 Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg 220 253 235 708
4 Flag of Monaco.svg Monaco 86 103 151 340
5 Flag of San Marino.svg San Marino 48 78 89 215
6 Flag of Malta.svg Malta 47 85 136 268
7 Flag of Andorra.svg Andorra 35 69 91 195
8 Flag of Liechtenstein.svg Liechtenstein 35 31 61 127


Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]


Spiller vun de klenge Länner
San Marino 1985 - Monaco 1987 - Zypern 1989 - Andorra 1991 - Malta 1993 - Lëtzebuerg 1995 - Island 1997 - Liechtenstein 1999 - San Marino 2001 - Malta 2003 - Andorra 2005 - Monaco 2007 - Zypern 2009 - Liechtenstein 2011 - Lëtzebuerg 2013 - Island 2015 - San Marino 2017