Spirou

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

De Spirou ass den Held vun der Serie Spirou et Fantasio, déi 1938 vum Rob-Vel fir de Start vum Journal de Spirou erfonnt gouf.

De Spirou gëtt direkt als Erwuessene gebuer a mat engem Schotz Seltzer Sprudel zum Liewen erwecht. Heen ass am Ufank Liftboy am Hotel Moustic. Och nodeems datt heen déi Aarbecht opginn huet, behält heen aus emotionale Grënn ëmmer nach seng Liftboy-Uniform un.

Zesumme mat sengem Kaweechelche Spip a mat sengem beschte Kolleg, dem Reporter Fantasio, bereest de Spirou d'Welt fir déi neieste Reportagen.

Heiansdo besicht de Spirou de Fantasio och an der Redaktioun vum Journal de Spirou, esou datt en a raren Occasiounen och an der Serie Gaston Lagaffe ze gesinn ass.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools