Spitzer-Weltraumteleskop

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Spitzer Space Telescope (SIRTF)
Startvirbereedunge vum Spitzer
Start vum SIRTF mat enger Delta II 7920H-9.5
Spitzer Space Telescope. Éischt Fotoe vum SST (NASA/JPL-Caltech)

D'Spitzer-Weltraumteleskop (engl. Spitzer Space Telescope, SST), fréier SIRTF (vum engl. Space Infrared Telescope Facility) genannt, ass eent no dem Astrophysiker Lyman Spitzer genanntent extraterrestrescht Infraroutteleskop. Et gouf de 25. August 2003 nach ënner dem Numm SIRTF mat enger Delta II 7920H-9.5-Rakéit vu Cape Canaveral gestart an dunn ëmgedeeft. Et ass nieft dem Hubble Space Telescope, dem Chandra X-Ray Observatory an dem Compton Gamma Ray Observatory en Deel vum Great Observatory Program vun der NASA. De Spitzer war fir eng Liewensdauer vu 5 Joer konzipéiert. D'Killmëttel fir d'Detektere war Mëtt Mee verbraucht, sou datt domat d'Haaptmissioun vum Weltraumteleskop eriwwer war. Duerno konnten nach just déi zwéi Kuerzwellekanäl vun der Infraroutkamera IRAC benotzt ginn.

Opbau a Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Dee vum Spitzer-Weltraumteleskop ofgedeckten Infraroutberäich läit tëscht 3 an 180 µm. Deen Deel vun der elektromagnéitescher Stralung kënnt gréisstendeels net duerch d'Äerdatmosphär, an ass dofir mat äerdgebonnenen Teleskopen net z'observéieren. D'Teleskop besteet aus engem 0,85 m groussen Haaptspigel an engem klengen zweete Spigel aus Beryllium. Als Detektere sinn dräi Instrumenter u Bord:

  • IRAC (vum engl. Infrared Array Camera), eng Infraroutkamera, déi simultan véier Kanäl mat de Wellelängten 3,6 µm, 4,5 µm, 5,8 µm an 8 µm ophuele kann. D'Gesiichtsfeld huet 5,12 × 5,12 Bouminutten, an d'Opléisung läit bei 256 x 256 Pixel.
  • IRS (vum engl. Infrared Spectrograph),en Infrarout-Spektrometer mat véier Ënner-Modulen, déi d'Wellelängteberäicher 5,3 bis 14 µm (niddreg Opléisung), 10 bis 19,5 µm (héich Opléisung), 14 bis 40 µm (niddreg Opléisung) an 19 bis 37 µm (héich Opléisung) ofdecken.
  • MIPS (vum engl. Multiband Imaging Photometer for Spitzer), besteet aus dräi Detekter-Reien am wäiten Infraroutberäich (128 × 128 Pixel bei 24 µm, 32 × 32 Pixel bei 70 µm, 2 × 20 Pixel bei 160 µm), déi nieft Biller och spektroskopesch Date liwwere sollen. D'Gesiichtsfeld variéiert dobäi tëscht 5 × 5 Bouminutte bei kuerze Wellelängten a 5 × 0,5 Bouminutte bei laange Wellelängten.

Fir d'Hëtzstralung déi op den Infrarout-Detektere stéiert, ze verhënneren, gëtt d'Teleskop an d'Instrumenter mat Helium-Kryostaten op eng Temperatur, déi sou no wéi méiglech beim absoluten Nullpunkt läit, gekillt. Fir d'Hëtzstralung vun der Äerd z'eliminéieren, beweegt sech d'Teleskop net op engem Äerdorbit, mä op engem heliozentreschen Orbit, deen der Äerdbunn noleeft. Et ass also keen Äerdsatellit. D'Solarzelle-Rei an d'Hëtzschëld schiermen d'Teleskop virun Hëtzstralung vun der Sonn an de waarmen Deeler vun der Raumsond of.

Erfolleger[änneren | Quelltext änneren]

  • Am Hierscht 2005 hunn d'Wëssenschaftler aus enger Foto vum Stärebild Draco no Ausfilterung vu Stéierungssignaler vun noe Galaxien ee Bild vum fréien Universum kritt, dat – an Iwwereneestëmmung mat de gängegen Theorien – d'Clusterbildung vu fréiere Stäre weist; (kuckt dozou Urknall, Millennium-Simulatioun).
  • Mee 2007: A kuerzer Zäit huet de Spitzer vill Dausend onbekannten Zwerggalaxië fonnt. Opgedriwwen huet hie s'am Coma-Galaxiëkoup op enger Distanz vun 320 Millioune Liichtjoer vun eiser Äerd.[1]
  • Ufank 2008 gouf beim AA Tauri eng protoplanetaresch Scheif aus organescher Matière souwéi an der Atmosphär vum Exoplanéit beim HD 189733 Methangas fonnt.[2] Et ass domat fir d'Astronomie a fir d'Kosmochimie ee wäertvollen Nowäis vun organescher Matière op astronomeschen Objete gelongen, an dat mat Hëllef vun der IR-Spektroskopie, ähnlech wéi an der Analytik an an der Chimie.
  • Nodeem een am Februar 2007 nach kee Waasser an der Atmosphär vum HD 189733b noweisen konnt, hat ee kuerz drop am Juli 2007 awer Waasserdamp op HD 189733b fonnt. Am Dezember 2008 liwwert de Spitzer de "bis elo beschte Beweis" fir Waasser baussenzeg vun eisem Sonnesystem op dësem Planéit.
  • Am Dezember 2008 weist eng androcksvoll Foto d'Zerstéierung protoplanetarer Scheiwen vu mei entstane Stäre duerch d'Sonnewanden vun anere masseräiche Stären.
  • Am Oktober 2009 gouf bekannt, datt schonn am Mee 2009 en neie, risegen, extrem dënne Rank aus Äis- a Stëbs-Deelercher ëm de Planéit Saturn entdeckt gouf.
  • Am Mäerz 2010 goufen zwéi primitiv Schwaarz Lächer entdeckt, déi 12,7 Milliarde Liichtjoer vun der Äerd ewech sinn. Eng Theorie beseet, datt primitiv Schwaarz Lächer respektiv Quasare net vun engem Stëbstorus ëmgi sinn, wéi et bei vill spéider nom Urknall entstane Quasare de Fall ass. Dës Entdeckung ass also ee Beweis fir déi Theorie, well déi béid Schwaarz Lächer sinn net vu Stëbs ëmginn.[3]
  • Am Juli 2010 goufen duerch d'Teleskop fir d'éischt Fullerene am Weltraum nogewisen.[4] Dëst hat sech duerch Infraroutfotoe am planetareschen Niwwel Tc 1 zougedroen. Dëst sinn domat déi gréisst nogewise Moleküllen am Weltraum.[5]
  • Am Juli 2012 entdeckten US-amerikanesch Fuerscher duerch d'Teleskop de Planéit UCF-1.01, deen 33 Liichtjoer vun eis ewech làit. Seng Gréisst soll 2/3 vun der Äerd sinn a seng Uewerflächentemperatur ronn 600 °C waarm sinn.[6]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

weider Satellitten aus dem "Great Observatory Programm":

weider Infrarout-Weltraumteleskopen:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spitzer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Viele Tausend Galaxien auf einen Streich gekuckt den 28. Mee 2007
  2. FAZ, 26. Mäerz 2008, S. N1
  3. Blick auf die urtümlichsten Schwarzen Löcher, astronews.com
  4. http://www.jpl.nasa.gov/news/news.cfm?release=2010-243
  5. "We found what are now the largest molecules known to exist in space," said astronomer Jan Cami of the University of Western Ontario, Canada,
  6. http://www.nasa.gov/mission_pages/spitzer/news/spitzer20120718.html