Sporcle

Vu Wikipedia
Logo vu Sporcle

Sporcle ass eng engleschsproocheg Quiz-Websäit déi et zanter 2007 gëtt an op där Benotzer Spiller mat engem Zäitlimit iwwer trivialt Wëssen ugebuede ginn; zum Beispill mussen an 10 Minutten alleguer d'amerikanesch Presidenten oder all Land an Afrika genannt ginn. Dem Grënner Matt Ramme no ass den Numm vun der Säit vum Wuert "oracle" (Orakel) inspiréiert.[1],[2] D'Büroe vu Sporcle sinn zu Seattle an zu San Francisco.[3]

Spiller[änneren | Quelltext änneren]

D'Spiller bei Sporcle sinn a 15 Kategorien ënnerdeelt: Geographie, Entertainment, Wëssenschaft, Geschicht, Literatur, Sport, Sprooch, "Just for Fun", Relioun, Filmer, Televisoun, Musek, "Gaming" (Video- a Computerspiller), Verschiddenes a Wakanz- a Feierdeeg. Am November 2012 gouf et am Ganzen iwwer 316.000 Spiller déi méi wéi 899 Millioune Mol gespillt gi sinn.[4]

Bei deene meeschte Spiller muss de Benotzer an enger predefinéierter Zäitspan all Äntwert vun engem bestëmmte Sujet nennen, wéi zum Beispill all d'Bundesstaaten vun den USA, all Schauspiller déi en Oscar als beschten Haaptduersteller gewonnen hunn oder all cheemesch Elementer am Periodesystem vun den Elementer. No 17 Sekonnen erschéngen ënner dem Chronometer d'Wierder "give up?" (Opginn?), op déi de Spiller ka klicke fir d'Enn vum Spill erbäizeruffen an all d'Äntwerten ze gesinn.

Zanter September 2009 kann all Benotzer och seng eege Quizzer kreéieren. Fir op Sporcle ze spille muss een net registréiert sinn, mä et kann ee sech als Benotzer gratis umelle fir zum Beispill säi Punktestand kënnen ze verfollegen, selwer Spiller ze maachen oder Spiller vun anere Benotzer kommentéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. voxmagazine.com: Click this: Sporcle.com (14. Mee 2009; gekuckt den 19. Februar 2013)
  2. boston.com: On top of the world (16. Juni 2009; gekuckt den 19. Februar 2013)
  3. bizjournals.com: Startup of the week: Sporcle (28. Mee 2010; gekuckt den 19. February 2013)
  4. Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruikSporcle, How to Make a Basic Slideshow Quiz | Sporcle Blog. The Sporcle Blog (2013-07-01). Gekuckt de(n) 2023-04-02.Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruik