Sprangbuer Michel-Heintz

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sprangbur Michel-Heintz)
Sprangbuer Michel-Heintz
Typ Sprangbuer,
Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Kënschtler Michel Heintz

De Sprangbuer Michel-Heintz ass e bronze Sprangbuer an der Stad, fir deen d'Skulpture vum Lëtzebuerger Kënschtler Michel Heintz gemaach goufen.

De Buer gouf den 10. August 1981 um Knuedler ageweit an huet sengerzäit e ronne Buer ersat, deen am Kader vun de Feierlechkeeten vum Millenaire vun der Stad Lëtzebuerg (1963) opgeriicht gi war.

De Buer besteet aus engem quadratesche Baseng op deem sengem Bord dräi kleng Vulle setzen. En ass dekoréiert mat Zeenen aus der mëttelalterlecher a reliéiser Geschicht vun der Stad. Op enger Säit gesäit een zum Beispill de Jang de Blannen an d'Ermesinde, ob enger anerer Säit déi verschidde Belagerunge vun der Festung Lëtzebuerg, d'Melusina, d'Muttergottes déi de Schlëssel vun der Stad kritt, d'Kréinung vum Heinrich VII. oder och nach de Sigismund.

De Sprangbuer stoung bis an den 1990er Joren um Knuedler a steet elo virum Garer Centre sociétaire, um Eck vun der Stroossbuerger- an der Fort-Wedell-Strooss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]