Spuenesch
| Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Critèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
| Spuenesch (español, castellano) | |
|---|---|
| Gëtt geschwat an : | Spuenien, Mexiko, Kolumbien, Argentinien, Nicaragua, Chile, USA, Venezuela, Costa Rica, Kuba, Peru an a 34 aner Länner |
| Regioun : | Europa, Nordamerika, Südamerika |
| Gëtt geschwat vun: | 500 Milliounen (Mammesprooch) |
| Klassement : | 2 |
| Klassifikatioun no Famill : | Indogermanesch |
| Offizielle Status | |
| Offiziell Sprooch vun : | Spuenien, Mexiko, Kolumbien, Argentinien, Nicaragua, Chile, Venezuela, Costa Rica, Kuba, Peru an an 13 anere Länner |
| Reglementéiert vun : | Real Academia Española an Asociación de Academias de la Lengua Española |
| Sproochcoden | |
| ISO 639-1 | es |
| ISO 639-2 | spa (B) / (T) |
| ISO 639-3 | {{{iso3}}} |
| SIL | SPN |
D'Spuenesch (sp.: español, castellano) ass eng iberesch-romanesch Sprooch, mat laténgeschem, germaneschem an arabeschem Afloss.
Fir 500 Millioune Leit an 22 Länner op der Welt ass Spuenesch déi Offiziell Sprooch. Donieft gëtt Spuenesch nach a ville Länner als zweet Sprooch geschwat. D'Zuel vun de Leit, déi Spuenesch schwätze, läit bäi ca. 600 Millounen. Domadder ass Spuenesch déi véiert heefegst geschwate Sprooch op der Welt, dat no Chinesesch, Hindi an Englesch.
An der ISO 639-1 gëtt d'Ofkierzung es benotzt an an der ISO 639-2 spa.
Inhaltsverzeechnes |
Spuenesch oder Kastellanesch [änneren]
Am Prinzip ass Spuenesch a Kastellanesch déiselwecht Sprooch. Et gëtt awer en Ënnerscheed gemaach am Gebrauch vun deenen zwee Wierder. Am Internationale gëtt d'Wuert Spuenesch gebraucht, woubäi a Spuenien selwer d'Wuert Kastellanesch geholl gëtt. All di aner Dialekter a Spuenien falen nämlech och ënnert de Bregrëff Spuenesch.
Geschicht [änneren]
Geographesch Verbreedung [änneren]
| Länner mat villen Hispaneschen Awunner | |
|---|---|
| Alphabetesch Uerdnung | Awunner déi Spuenesch als Mammesprooch hunn |
|
|
Spuenesch Dialekter [änneren]
- Andalusesch
- Churro
- Kanaresch
- Murcianesch (panocho)
- Extremaduresch
- Amerikanescht Spuenesch
- Amazonesch
- Andino
- Karibesch
- Kubanesch
- Dominikanesch
- Puertorikanesch
- Panamesch
- Venezuelesch
- Maracucho
- Mëttelamerikanescht Spuenesch
- Chilenesch
- Kolumbesch (palenquero)
- Ecuatorianesch
- Mexikanesch
- Peruanesch
- Rioplatensesch
- Guinea Ecuatorial Spuenescht
- Filipinesch (chabacano)
Klassifikatioun [änneren]
- Indogermanesch (indoeuropäesch)
- Italesch
- Romanesch
- Italesch-occidentalesch
- Iberoromanesch
- Ibero-occidentalesch
- Spuenesch
- Ibero-occidentalesch
- Iberoromanesch
- Italesch-occidentalesch
- Romanesch
- Italesch
Schreifweis an Aussprooch [änneren]
Kuckt heizou och den Haaptartikel Spuenesch Schreifweis an Aussprooch.
D'Spuenesch Sprooch benotzt dat laténgescht Alphabet mat verschidden Diacriten (ñ) an Digrammen (ch, ll). Den Accent aigu gëtt virun allem geholl fir e bestëmmten Deel vum Wuert erfirzehiewen an ze betounen, meeschtens ass dat bei de Vokaler de Fall.
Wéinst der Schreifweis ass d'Aussprooch vun engem spuenesche Wuert ganz genee definiéiert, an och ëmgedréit kann een duerch d'Héiere vun engem Wuert genee wëssen, wéi et geschriwwe gëtt. D'Vokaler ginn och ëmmer gläich laang ausgeschwat. Si sinn op an halleflaang a mussen däitlech ausgeschwat ginn.
Am Spueneschen gi Sätz mat Froen oder Feststellungen mat 2 Froezeechen oder 2 Ausrufezeechen geschriwwen. Den éischte steet ëmgedréit virum Saz, den aneren den normale Wee hannert dem Saz.
Spuenescht Alphabet [änneren]
D'Spuenescht Alphabet besteet aus 29 Buschtawen (26 vum romaneschen Alphabet an den ñ).
Grammaire [änneren]
Kuckt heizou och den Haaptartikel Spuenesch Grammaire.
Orthographie [änneren]
Kuckt heizou och den Haaptartikel Spuenesch Orthographie.
Literatur [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Spanish pronunciation – Biller, Videoen oder Audiodateien |