Spueneschen Tiermchen
D'Spuenesch Tiermercher sinn Tourellë vun der Festung Lëtzebuerg. Si kruten deen Numm zu Lëtzebuerg, well se zur Zäit vun de Spuenier zu Lëtzebuerg gebaut goufen. A Frankräich ginn esou Tiermercher échauguettes (espagnoles) genannt oder, wéinst hirer Form, Pefferbécks (poivrière).
E sollt enger Wuecht et erméiglechen, viru Wand a Reen geschützt déi baussenzeg Deeler vun der Festung z'iwwerwaachen an esou Spiounen oder Deserteuren z'entdecken.
Et soll bis zu 38 esou Tiermercher an der Stad gi sinn, wat awer net historesch bewisen ass. Déi aacht, déi een haut nach gesi kann, hunn alleguerten en neizäitlechen Daach kritt an e puer vun hinne si ganz nei opgebaut ginn, wat een dorunner erkenne kann, datt se mat klenge Steng gebaut sinn an d'Entrée feelt.
Biller [änneren]
-
Spueneschen Tiermchen an der montée de Pfaffenthal bei den Dräi Tierm.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Spuenesch Tiermercher – Biller, Videoen oder Audiodateien |