Spueniekämpfer

Vu Wikipedia
D'Monument No pasarán! beim CDMH zu Diddeleng, e Wierk vum Lucien Wercollier dat 1997 ageweit gouf

Mat Spueniekämpfer gi gemenkerhand déi Leit bezeechent, déi fräiwëlleg als international Brigadisten op der Säit vum Frente popular an de Spuenesche Biergerkrich gezu sinn, fir géint déi franquistesch Truppen ze kämpfen. Vu Lëtzebuerg aus waren dat der ëm déi 100.[1]

D'Lëtzebuerger Spueniekämpfer[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht Spueniekämpfer waren Aarbechter aus dem Minett, déi a lénkse politesche Parteien aktiv waren. Vill haten e Migratiounshannergrond.

Vun de Fräiwëllege vu Lëtzebuerg sinn der 18 a Spuenie gestuerwen. Vun 8 aneren ass net gewosst op se zeréckkomm sinn oder a Spuenien ëmkomm sinn. Ëm déi 30 vun deenen déi zeréckkoumen, waren am Krich schwéier verwonnt ginn.[2]

Joerzéngtelaang ass hinnen de Status vum Resistenzler net unerkannt ginn. Ursaach war, nieft der Tatsaach, datt d'Resistenz zu Lëtzebuerg der gängeger Definitioun no eréischt mam däitschen Iwwerfall, den 10. Mee 1940, ugefaangen huet, och ee Mësstrauen, fir net ze soen Anti-Kommunismus vun deene Kreesser, déi deelweis z. B. hannert dem Maulkuerfgesetz stoungen, an deen am Kale Krich en neien Opdriff krut, awer och méi banal eng gewësse politesch Lethargie an den Ëmstand, datt et zu Lëtzebuerg keen offizielle Status fir Ancien combattants gëtt. Wouer ass awer, datt déi international[istesch] Brigade vu Moskau aus gesteiert goufen, an datt d'Brigadiste vu Politkommissare begleet a betreit goufen. De Spuenesche Biergerkrich war een Experimentéierfeld souwuel fir de Josef Stalin wéi fir den Hitler.

Eréischt Enn vun den 1990er Joren huet dat sech geännert. Den Henri Wehenkel huet en dokumentéiert Buch iwwer d'Spueniekämpfer publizéiert.

Zu Diddeleng bei der Gare Diddeleng-Schmelz gouf 1997 d'Monument No pasarán!, e Wierk vum Lucien Wercollier, ageweit (dat 2001 profanéiert gouf) an 1998 koum et zu der Grënnung vun enger A.s.b.l., Les amis des brigades internationales. Uganks 2000 koum et zu enger Debatt an der Chamber, an dat selwecht Joer kruten déi wéineg, déi bis dohin nach gelieft hunn, e Gielche vum Premier Juncker iwwerreecht.

Mam Film Les perdants n'écrivent pas l'histoire koum 2001 een Documentaire iwwer d'Spueniekämpfer an de Kino.

De 16. Juli 2003 huet d'Chamber eestëmmeg, d'Gesetz vum 10. Abrëll 1937 abrogéiert, dat den Awunner vu Lëtzebuerg verbueden huet, um Spuenesche Biergerkrich deelzehuelen. Duerch dësen éischter symboleschen Akt gouf de Brigadiste vun do hiren antifaschisteschen Engagement nodréiglech legitiméiert an unerkannt.

Um Nationale Kommemoratiounsdag 2021 gouf eng Gedenkplack um Sockel vum Monument du souvenir (Gëlle Fra) devoiléiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacques Delperrié de Bayac, Les brigades internationales; Paräis (Fayard), 1968; 466 Säiten. - 1990 am Täscheformat bei Marabout nei opgeluecht.
  • Stéphane Courtois & Jean-Louis Panné, L'ombre portée du NKVD en Espagne; in: (kollektiv, 6 Auteuren), Le livre noir du communisme - Crimes, terreur, répression; Paräis (Robert Laffont, collection 'Bouquins'), 2000. - 2009 am Täscheformat bei Pocket (collection 'Agora') nei opgeluecht -> ISBN 978-2-266-19187-6
  • Henri Wehenkel, D'Spueniekämpfer - volontaires de la Guerre d'Espagne partis du Luxembourg. Centre de documentation des migrations humaines, Dudelange,1997.
  • Hommage aux Volontaires des Brigades Internationales, 52 S. Imprimerie print-service, Lëtzebuerg. (Broschür déi 1997 bei der Aweiung vum Monument bei der Gare Diddeleng-Schmelz erauskoum).
  • Claude Molinaro, Freiwillige im Spanischen Bürgerkrieg: Nicht jeder Republikaner ist auch ein Demokrat; in: Tageblatt, Editorial vum 19. Februar 2021.
  • Serge Hoffmann, à propos Spueniekämpfer

Documentaire[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: International Brigaden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. An der Literatur fënnt een ënnerschiddlech Zuelen. Am H. Wehenkel (1997) sengem Buch sinn et der 102 (S. 14) oder 88 (S. 78, sou och an der Lëscht mat den Nimm vun de Fräiwëllegen op der S. 119). An der Lëscht vun der Broschür vun 1997 (Hommage aux volontaires, asw.) stinn d'Nimm vun 90 Fräiwëllege vu Lëtzebuerg aus.
  2. H. Wehenkel 1997, S. 78.