Square Patton

Vu Wikipedia
Square Patton
De Patton Square mam Monument, dem Panzer an der Statu.
Typ Square,
Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Ettelbréck
Koordinaten 49°51'5,472"N, 6°6'37,339"O
Ageweit 16. Mee 1954
Zu Éiere vun George S. Patton

De Patton Square ass eng kleng Plaz, déi zu Ettelbréck am Grénge läit, un der Haaptstrooss fir op Dikrech. Si gouf sou zu Éiere vum Generol George S. Patton jr, genannt, well et war hien dee mat sengen Truppen Ettelbréck de 25. Dezember 1944[1] no der Ardennenoffensiv liberéiert huet.

Bis haut ass op där Plaz all Joer eng Commemoratiounsfeier, fir un hien an déi vill amerikanesch Zaldoten z'erënneren, déi dobäi hiert Liewe gelooss hunn.

Monument[änneren | Quelltext änneren]

Dem Patton seng Arméi hat Ettelbréck de 25. Dezember 1944 befreit[1]. Hie war dacks bei sengen Zaldoten op der Front, mä et war laang Zäit net sécher, datt hien och selwer zu Ettelbréck war[1]. Mëttlerweil goufen awer Dokumenter fonnt[2], déi beleeën datt hien de 25. Januar 1945 do war[3].

De 16. Mee 1954 gouf – a Presenz vum Patton sengem Jong, dem Captain George S. Patton III. – e Monument nieft der deemools neier Bréck[4] iwwer d'Sauer ageweit. D'Momument stellt e Krichsschwäert duer, dat am Buedem vun der Heemecht stécht an domat Wafferou a Fridde symboliséiert. Uewendrop setzt en amerikanesche Séiaadler mat enger Spanwäit vun 2,10 m.

D'Skulptur staamt vun zwéi Lëtzebuerger: de Pierre Droessaert huet s'entworf an den Aurelio Sabbatini huet se realiséiert. Se huet follgend Opschrëften:

viischt Säit hënnescht Säit

IN MEMORIAN

Lt GEN. G. S. PATTON, Jr

1944-1945

TO THE
EVERLASTING
REMEMBRANCE
OF THEIR
SACRIFICE

THIRD U.S. ARMY
ARMY CORPS
III–VIII–XII–XX
INFANTRY DIVISIONS
4th–5th–26th–35th–76th–80th–83rd–87th
89th–90th
17th AIRBORNE DIVISION
ARMORED DIVISIONS
4th–6th–9th–10th–11th

Patton Statu[änneren | Quelltext änneren]

1970 gouf op der Commemoratiounsplaz eng dräi Meter héich bronze Statu vum Generol Patton opgestallt, déi vum amerikanesche Sculpteur Earle Fraser (1876 – 1953) realiséiert gouf. Vun der Statu gëtt just nach zwéin aner Exemplairen op der Welt: ee bei der United States Military Academy zu Westpoint (New York) an ee bei der Hatch Memorial Shell zu Boston (Massachusetts).

D'Statu gouf vum Groussherzog Jean ageweit.

Sherman Panzer[änneren | Quelltext änneren]

1970 gouf och en M4A1 Sherman Panzer opgestallt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Square Patton – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Informatiounspanneau um Patton-Square
  2. Zitat aus sengem Tagebuch: „January 25, 1945 – Godman, Stiller and I visited Headquarters of the 4, 5th and 80th Infantry Divisions. Also had a look at Diekirch, Ettelbruck and Wiltz. All had been very thoroughly liberated.“
  3. General Patton hat Ettelbrück sehr wohl besucht. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-04-05). Gekuckt de(n) 2021-06-20.
  4. d'Bréck war 1952 opgaangen