Stär 2. Gréisst
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Stär 2. Gréisst ginn zënter der Griichescher Antikitéit déi hell Fixstäre bezeechent, déi de Stärebiller hir typesch Gestalt ginn.
Mam Teleskop kënne Stäre bis zur 2.Gréisst och am Dag observéiert ginn, wat ë. a. fir d'absolut Koordinatebestëmmung vu Fundamentalstäre wichteg ass.
Opfällegkeet [änneren]
Si erschéngen ongeféier hallef sou hell wéi déi 23 Stäre vun der 1. Gréisst. Um ganze Stärenhimmel gëtt et 70 Stäre vun der 2. Gréisst. Besonnesch opffälleg ënnert hinne si folgend Konstellatiounen:
- Ursa Major, op lëtzebuergesch „Grousse Bier oder grousse Won“ (nëmmen dee mëttlere Stär ass méi schwaach),
- weider gutt ze gesinn ass de grousse W genannt Stärebild Cassiopeia
- um Summerhimmel dat grousst Kräiz vum Stärebild Cygnus (Schwan),
- an um Wanterhimmel d'Duebelrei vun den Zwillingen Gemini an d'Orionceinture, déi allebéid nach vum Wantersechseck iwwertraff ginn.
Geschicht [änneren]
D'Bezeechnung 2. Gréisst (respektiv. Gréissteklass) staamt vun den fréieren Astronomen Hipparchos (190–125 v.Chr.) a Ptolemäus (100–160). De Ptolemeus ass mat senger Skala bis zur 6. Gréisst fir déi schwächst mat bloussem A siichtbar Stäre gaangen.