Stär 5. Gréisst

Vu Wikipedia

Als Stär 5. Gréisst ginn zanter der Griichescher Antiquitéit déi Fixstäre bezeechent, déi ee nach bei mëttelgudder Siicht mat bloussem A erkenne kann.

No dëser Klassifizéierung sinn déi hellst 23 Stäre vun der 1. Gréisst, wärend déi ganz schwaach als 6. Gréisst) bezeechent ginn.

Um ganze Stärenhimmel gëtt et ongeféier 1200 Stäre vun der fënnefter Gréisst a ronn 700 méi hell Stären. Gutt Stärekaarte fir den Amateurastronom reeche bis zu dëser Grenzhellegkeet, bei där een nach all Detailer vun de Stärebiller erkenne kann.

Der anticker Klassifikatioun vun 1. bis 6. Gréisst hunn d'Astronome vun der Neizäit eng physikalesch méi genee Skala ugepasst, déi si als visuell Hellegkeet bezeechnen (och "Gréissteklass" resp. Magnitudo, ofgekierzt mag). Si ass sou ugeluecht, datt een Niveau engem Intensitéits-Verhältnes vum Liicht vun 2,512 gläichkënnt, an dofir fënnef Stufen genee 1:100. E Liichtpinktche 5. Gréisst ass dofir 40-mol méi schwaach wéi en helle Stär éischter Gréisst. An där Skala kann ee mat bloussem A nach Ënnerscheeder vun 0,1 mag erkennen.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie