Stär 6. Gréisst

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Stär 6. Gréisst ginn zënter der Antikitéit, déi schwaachst mat bloussem A nach siichtbar Fixstäre bezeechent.
Um ganze Stärenhimmel gëtt et ongeféier 4000 Stäre vun der sechster Gréisst.

Ausgewielte Stäre bis zu der 6.Gréissteklass ginn als Fundamentalstäre gebraucht, déi en absolut Koordinatesystem op der Himmelskugel definéieren.

Der antiker Klassifikatioun vun der 1. bis zur 6. Gréisst hunn d'Astronome vun der Neizäit eng physikalesch méi genee Skala ugepasst, déi si als schäinbar Hellegkeet bezeechnen (och „Gréissteklass“ resp. Magnitudo, ofgekierzt mag). Si ass esou ugeluecht, datt eng Stuf engem Intensitéits-Verhältnes vum Liicht vun 2,512 gläichkënnt, an dofir fënnef Stufe genee 1:100. E Liichtpinktchen vun der 6. Gréisst straalt also nëmmen ee Prozent vun deem Liicht an eist A wéi en helle Stär vun der éischter Gréisst. Eisem Gesiichtssënn erschéngt dëst awer nëmme wéi ongeféier fënnëf Stufen, wat eis annerersäits erméiglecht, nach milliardefach Hellegkeetsënnerscheeder tëschent Dag a Nuecht festzestellen.

An der Skala vun 1. bis 6.Gréisst gëtt et:

Pro Stuf hëllt d'Stärenzuel deemno op dat 2½ bis 3-facht zou, wat sech bis iwwer déi 15.Gréisst fortsetzt a mat dem Siichtbarginn vu Mëllechstroossstären déi wäit ewech leien zesummenhänkt.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie