Stärenauer

Vu Wikipedia
Eng ronn 5 cm grouss Stärenauer
Historesch Duerstellung (Gebrauch vun der Stärenauer

Eng Stärenauer (och: Horometer oder Nokturnal[1]) ass ee mëttelalterlecht Instrument fir d'Ermëttlung vun den Nuetsstonnen unhand vun de Stäreplazen. Aner Bezeechnunge sinn och Horometrum (griich.: „Stonnemiesser“) oder Nocturlabium (mlat. nocturnalium: „Instrument fir d'Bestëmmung vun den Nuetsstonnen“).

D'Stärenauer gëtt op der nërdlecher Hallefkugel agesat, well de Polarstär gesi muss ginn. Als Referenzstäre gi gewéinlech d'Stäre vun de Stärebiller Ursa Major, Kochab am Ursa Minor oder Schedir am Cassiopeia gebraucht.

Déi fréiste Beschreiwung vun enger Stärenauer ass vum Ramon Llull aus dem Joer 1295. Eng ausféierlech Beschreiwung ass am Instrument Buch vum Peter Apian ze fannen. Eng weider Erwähnung vum Nocturlabiums fënnt een am Wierk vum Martín Cortés de Albacar vu 1551, Arte de Navegar[2].

Funktiounsweis[änneren | Quelltext änneren]

D'Instrument huet zwou iwwereneen leiend, dréibar Scheiwen mat engem Zär an engem Lach an der Mëtt. Op der enger Scheif mat de Méint vum Joer gëtt den Datum agestallt. Mam Lach gëtt de Polarstär uviséiert an dann den Zär op d'Stärebild vum Ursa Major (Grousse Bier) agestallt. Op der zweeter Scheif léisst sech dann d'Auerzäit ofliesen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stärenauer – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • (en) Nocturnal, Museo Galileo - Institute and Museum of the History of Science, Florenz. Video zu der Funktiounsweis a weider Duerstellungen

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ernst von Bassermann-Jordan, Hans von Bertele: Uhren. Klinkhardt & Biermann, Braunschweig 1969
  2. Harriet Wynter, Anthony Turner: Scientific Instruments, Studio Vista, 1975, ISBN 0-289-70403-0