Stärenhimmel
Ënner Stärenhimmel versteet een
- den Ubléck vum Nuetshimmel –
- mat senge Stären déi ee mat bloussem A geséit (jee no Siicht, e puer Honnert bis 3.000);
- d'Himmelskugel, eng Richtungs- oder Eenheetskugel.
- An der Antikitéit hunn d'Leit geduecht, d'Stäre wieren un den Himmel gepecht.
De Stärenhimmel besteet a verschiddenen Hisiichten aus zwou Halschenten oder Hemisphären:
- Siichtbaren Himmel an Himmelshalschenten ënner dem Horizont
- Nërdleche Stärenhimmel a Südleche Stärenhimmel, gedeelt laanscht dem Equator (am Süden ass den Zentrum vun der Mëllechstrooss an huet dofir méi Stären)
- Stärenhimmel nërdlech a südlech vun der Ekliptik (schäinbar Joresbunn vun der Sonn ënner de Fixstären)
Fir d'Astrometrie an d'Sphäresch Astronomie ass de Stärenhimmel d'Basis fir Definitioun vu Bezugssystemer fir 'stärefest Koordinaten, sideresch Perioden a fir d'Uerts- bzw. Weltzäit (UT). Kuckt dozou och Zäitsystemer.
Der Geodesie an der Navigatioun gëtt de Stärenhimmel d'Méiglechkeet, absolut Richtungen ze moossen, Moossen ze huelen an d'Gestalt vun eiser Äerd ze bestëmmen.
Fir d'Physik bitt de Stärenhimmel mat wäite Stärendistanzen a Galaxien déi wichteg Méiglechkeet, een Inertialsystem ze definéieren.
D'Bezugssystemer fir Zäit, Koordinaten a physikalesch Moosse ginn aus dem Stärenhimmel ofgeleet. Hir Parameter an déi vun der Äerd ginn international eenheetlech definéiert – woubäi d'IAU, d'IUGG, d'IAG, an FIG enk zesumme schaffen.
[änneren] Stärenhimmel vun de véier Joreszäiten
Den Himmelsubléck an de véier Joreszäiten mat Stärebiller fir Mëtteleuropa um 21 Auer an der Mountmëtt vu Januar, Abrëll, Juli an Oktober.