Stärepopulatioun
An der Astronomie gëtt mat Populatioun respektiv Stärepopulatioun (engl. stellar population) eng Zort vu Stären an enger Galaxis bezeechent, fir déi d'raimlech Verdeelung, Bewegung, Alter an och chemesch Zesummesetzung sech gläichen.
Inhaltsverzeechnes |
Éischt Klassifikatioun no Baade [änneren]
D'Klassifikatioun geet op de Walter Baade (1944) zréck. Si ass fir d'Beschreiwung vu Spiralgalaxië wéi d'Mëllechstrooss nëtzlech, och wann dat haitegt Bild vun deenen Objete méi komplex ass. Ufanks gouf tëschent zwou Haaptpopulatiounen ënnerscheet (Populatioun I an II), déi geleeëntlech nach duerch eng, hypothetesch, drëtt vergréissert gouf (Populatioun III). Mat der Zäit gouf eng méi detailléiert Andeelung gemaach.
Populatioun I [änneren]
An der zentraler Scheif vun eiser Mëllechstrooss gehéieren déi meescht Stären (an och d'Sonn) zu der sougenannter Populatioun I. Dat si relativ jonk Stären déi ëmmer gläich staark liichten, a wéinst hirem Käropbau an hirer Stralung an engem Gläichgewiichtszoustand sinn, a sech op Kreesbunnen ëm de galakteschen Zentrum, meeschtens an de Spiraläerm, beweegen. Stäre vun der Populatioun I besti wéi d'Sonn aus relativ vill schwéieren Elementer, déi a fréiere Stäregeneratiounen entstane sinn.
Populatioun II [änneren]
Déi eeler Stäre vum ausgebreete kugelfërmege galakteschen Halo, souwéi vum galakteschen Zentrum, gehéieren zu der Populatioun II . An anere Galaxië schwätzt ee wéinst Analogie zur Mëllechstrooss vu Scheiwen- an Halopopulatiounen.
Populatioun III [änneren]
Déi alleréischt Generatioun vu Stären – déi no dem Urknall entstane sinn – gëtt Populatioun III genannt. Déi primordial Stäre goufen awer nëmmen aus theoreteschen Iwwerleeungen erschloss an nach net fonnt, well méiglecherweis haten se ze vill Mass an hunn nëmme kuerz gelieft.
Ob et nach vereenzelter mat manner Mass gëtt, wäerten déi zukënfteg Groussteleskope weisen.
Nei Andeelungen [änneren]
Et ënnerscheet en haut am Allgemenge fënnef Populatiounen, well et am Laf vun der Zäit ëmmer méi genee Miessresultater gouf an doduerch eng méi genee Andeelung méiglech gouf.
Extrem Populatioun I (Spiralaarmpopulatioun) [änneren]
Den Alter vun deene Stäre läit ënner 100 Mio. Joer, wat op eng relativ spéit Genesis hiweist. Esou jonk Stäre sinn dacks an irreguläre Galaxien, diffusen Niwwelen, Reflexiounsniwwelen, Oppe Stärekéip an a Spiraläerm.
Intermediär (eeler) Populatioun I [änneren]
Déi Populatioun stëmmt an de meeschte Punkte mat der extremer Populatioun I iwwerteneen. Och eis Sonn a Stären déi der Sonn gläichen, gehéieren derzou. Als Eegeschaft hunn déi Stäre virun allem staark Metalllinnen am Spektrum.
Scheiwepopulatioun [änneren]
Déi Stären hunn e mëttleren Alter a soumat ass dat déi verbreetste Populatioun. Déi meeschte Stären aus eiser Mëllechstrooss gehéieren dozou, well si stellen de Groussdeel vun der galaktescher Scheif an dem galakteschen Zentrum duer.
Intermediär (tëschent-) Populatioun II [änneren]
Dat ass eng kleng Grupp déi virun allem am galakteschen Zentrum ze fannen ass. Zu där Grupp zielen déi sougenannte Schnellleefer, déi sech mat Vitessë vun iwwer 30 Kilometer pro Sekonn am Senkel zu der galaktescher Scheif beweegen.
Halopopulatioun (extrem Populatioun II) [änneren]
Dat si Stäre mat engem Alter vun iwwer sechs Milliarde Joer. Si befanne sech am Halo vun enger Galaxis an doduerch meeschtens an de Kugelstärekéip an an den elliptesche Galaxien. Wichteg Membere sinn zum Beispill d'Ënnerzwergen an och RR Lyrae-Stären.
Aner Stäregruppen [änneren]
An eiser Mëllechstrooss gëtt et eng irregulär (net physikalesch zesummenhängend) Grupp vu Stären, déi sech op groussen exzentresche Bunnen ëm de galakteschen Zentrum beweegen. Si si während de Joermilliounen, an deenen si de sonnennoe Beräich duerchlafen, un hiren ongewéinlechen Eegebewegungen z'erkennen.
E puer nach méi lokal Stäregruppe sinn déi sougenannte Stärenassoziatiounen. Dat si labber Usammlunge vu Stäre mat zimlech därselwechter Bewegungsrichtung. Zu sou enger Assoziatioun gehéieren ënner anerem 5 vun deene 7 hellste Stären am Stärebild Grousse Won. Sou labber Stäregruppen deiten op eng gläichzäiteg Stäregenesis hin.