Stärerei

Vu Wikipedia

Als Stärerei gëtt an der fréierer Astronomie eng linnenaarteg Struktur vun dräi oder méi Fixstäre bezeechent, déi um Stärenhimmel enk Nopere sinn oder relativ gläichméisseg Ofstänn hunn. Sou Konstellatioune formen d'Gestalt vu ville Stärebiller, beispillsweis dem Serpens an der Hydra, dem Draco, dem Eridanus oder dem Scorpius.

Eng bekannt Stärerei ass d'Orionceinture mat dräi helle Stären déi gläichméisseg wäit vunenee stinn an déi et an där Form keng zweet Kéier um Himmel gëtt. Doriwwer eraus weise s'op de Sirius, den hellste Fixstär vum ganze Stärenhimmel. Nëmme fënnef Grad méi déif gesäit een eng weider (schwaach) Stärerei. Se besteet aus dräi nach gutt siichtbare Stären. Mat der Spektiv entpuppt sech de mëttelste „Stär“ als de bekannten Orionniwwel.

An der Géigend vun der Mëllechstrooss gëtt et méi Stärereien déi ee mat bloussem A gesäit, wat duerch déi héich Stäredicht bedéngt ass. Besonnesch um Wanterhimmel sinn e puer Stärereien opfälleg.

Bei kloren Hierschtowender ass am Osten d'Fënnefstärerei aus fënnef Stären 2. Gréisst ze gesinn. Déi laanggestreckt reegelméisseg Stärerei, där Widmann/Schütte de Charakter vun engem eegene Stärebild zouschreiwen, fänkt am Perseus un, faasst dräi Stäre vun der Andromeda an hält op mat den zwéin Haaptstäre vum Pegasus.

Ongeféier 15° méi südlech formt d'Stärebild Aries eng Konstellatioun, déi eng oppe flaach logarithmesch Spiral duerstellt: Véier Stären, deenen hiren Ofstand all Kéier ëm d'Hallschent méi kleng gëtt an deenen hir Verbindungslinnen ëmmer weider no riets dréien.

Weider Stärereien[änneren | Quelltext änneren]

Ënner de weidere ronn 20 Stärereie sinn nach de Feil (3–4 Stären), d'Längsachs vum Cygnus (Schwan) (fënnef Stären) an déi iewescht fënnef Stäre vum Ursa Major ze nennen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • H. Kraemer, W. Foerster: Weltall und Menschheit. Band III, Berlin/Leipzig/Wien 1902, S.12f, 30f, 55ff, 270ff.
  • Widmann, Schütte: Welcher Stern ist das? Kosmos-Verlag 1958.
  • D. Block: Astronomie als Hobby. Bassermann, München/Těsín 2005.
  • A.W. Schur: Vermessung der beiden Sternhaufen h und chi Persei. Göttingen 1900.
  • M. Feiler, P. Noack: Deep Sky Reiseatlas. 2. Auflage. Oculum-Verlag 2005.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie